
Tëscht 22.15 Auer e Mëttwoch an 02.30 Auer en Donneschdeg de Moien, hat d'Police op Uerder vum Parquet, an der rue des Aubépines zu Märel, an der Escher Strooss an der Stad, an an der Neier Avenue op der Stater Gare Alkoholkontrollen duerchgefouert. Am ganze goufen 171 Chauffeuren ugehalen. A 7 Fäll war den Test positiv. 5 Chauffeuren hu mussen op der Plaz hire Permis ofginn.
Awer net nëmmen do war d'Police am Asaz. Tëscht 23 Auer e Mëttwoch den Owend an en Donneschdeg 00.30 Auer goufen och Alkoholkontrollen op der Kockelscheier gemaach. Hei hunn 98 Chauffeure musse blosen. 3 Automobilisten hate méi gedronk wéi erlaabt. Et huet awer kee vun hinne musse säi Führerschäin ofginn.
Tëscht 01.30 an 3 Auer huet d'Police och Alkoholkontrollen zu Schuller duerchgefouert. 53 Chauffeuren goufen ugehalen. A 7 Fäll war den Test positiv. Zwee Permisen goufen op der Plaz agezunn.
Wéinst ze vill Alkohol am Blutt krut géint 1.20 Auer och ee Chauffeur um Briddel säi Führerschäin ofgeholl. Am selwechte Fall war een Automobilist kuerz no 3 Auer zu Diddeleng an der Rue Jean Wolter.
Zu Déifferdeng tëscht der Rue Kondel an der Avenue Charlotte war de Beamten um Donneschdeg de Moie géint 03.30 Auer ee Scooter opgefall, dee mat vill Kaméidi ënnerwee war an et souzen net manner wéi 3 Persounen op der Maschinn. Wéi d'Police de Moto wollt unhalen, hu sech zwou Persounen ewech gemaach. Déi drëtt ass beim Scooter stoe bliwwen. Si hat eng kleng Quantitéit Droge bei sech a gouf protokolléiert. Eng Patrull huet no deenen zwou anere Persoune gesicht, awer ouni Succès.