Covid bleift Haaptthema9 nei Petitiounen, zwou hunn et an d'Chamber gepackt
Thematiséiert gi verschidde Beräicher, déi mat der Pandemie ze dinn hunn, den ëffentlechen Transport oder Chantieren, grad ewéi d'Sexualstrofrecht.
Zanter e Freideg de Moie sinn 9 nei Petitiounen um Sitte vu der Chamber online, déi elo bis de 17. Februar op d’mannst 4.500 Signatairen brauchen, fir ëffentlech an der Chamber debattéiert ze ginn.
D’Theme vun de Petitiounen hunn nees vill mam Virus ze dinn, mat der Fuerderung, déi Net-Geimpften ze schützen, mat engem Nee zu den 2G-Reegelen am Fräizäitberäich, an der Fuerderung nom Aféiere vun enger Covid-Risikoprimm. D’Petitioune kënnen um Site petitiounen.lu ënnerschriwwe ginn. Vun den aktuell 26 Petitiounen, déi kënnen online signéiert ginn, sinn se nach all wäit vum néidege Quorum ewech.
D’nächst Woch ginn iwwerdeems e Mëttwoch direkt zwou Petitiounen, déi sech mat der Corona-Impfung beschäftegen, am Chamberplenum ëffentlech debattéiert. Eng vun dëse Petitiounen, déi géint eng Impfflicht ass, hat bal 11.500 Ënnerschrëfte krut.
Iwwersiicht vun den neie Petitiounen
- Congé exceptionnel pour les propriétaires d’animaux domestiques ou propriétaires d’animaux de compagnie ( 2068)
- Covid / Prime de risque pour chacun qui doit au travail entrer en contact avec des collaborateurs et / ou des clients non vaccinés (2116)
- Überarbeitung, Änderung und Anpassung des Sexualstrafrechts in Luxemburg (2129)
- Halte aux travaux routiers qui ont lieu en même temps dans le même secteur à des endroits cruciaux du réseau routier (2133)
- Pétition contre la mise en quarantaine/isolation des enfants des cycles 1-3 (2113)
- Mehr Licht in die Dunkelheit - Politische Bildung für Erwachsene. (2140)
- D’viischt Diere vu Linnebusse souwéi déi 2 éischt Sëtzreien déi fir PMR reservéiert si solle nees déblockéiert ginn ! (2142)
- Au nom de la santé générale, protégeons les non-vaccinés (2144)
- Petitioun géint d'2 G Reegelen am ,,Fräizäitsekteur”, Diskrimination vun enger klënger Minoritéit stoppen! (2130)
Ënnerschreiwe kann een op petitiounen.lu.