Nom Tornado zu Käerjeng a Péiteng915.874,97€ ginn deemnächst ausbezuelt

RTL Lëtzebuerg
Den 9. August 2019 ware wéinst engem Tornado am Südweste vum Land 20 Persoune blesséiert ginn, 2 uerg, a Schued vun iwwer 100 Milliounen € entstanen.
August 2019: E Mann steet an enger vum Tornado zerstéierter Strooss.
August 2019: E Mann steet an enger vum Tornado zerstéierter Strooss.
© RTL archiv

De Misär vun de Mënschen zu Péiteng an zu Käerjeng hat awer och eng Solidaritéitswell ausgeléist: Iwwer 1 Millioun € waren iwwer Donen zesummekomm. Fir ze decidéieren, wéi dës Done sollte verdeelt ginn, gouf e Comité de suivi geschaaft. Hei vertruede sinn déi Responsabel vu béide Gemengen, d'Caritas, d'Croix-Rouge, déi nom Tornado geschaaften asbl "Käerjeng hëlleft" a Representante vun de Sozialbüroen aus béide Gemengen.

D'Done sollen deene Leit ze gutt kommen, déi finanziell méi schwaach opgestallt sinn an déi Schied ze reparéieren hunn, déi weder vun den Assurancen, nach vum Familljeministère couvréiert sinn. Bis den 31. Mee konnten d'Leit hir Demande bei de Sozialbüroen eraginn.

Dem Comité de suivi no koumen Demanden an der Héicht vun insgesamt 1.680.057€ eran, fir Hëllef ze kréien Haiser, Autoen oder Motorrieder, a Griewer ze reparéieren, ronn 500.000€ méi, wéi d'Hëllefsorganisatiounen un Donen zesummekritt haten. Fir ze decidéieren, wie wéi vill Sue géif kréie goufe 4 Krittäre festgehalen.

Bei Wunnenge gi bis zu 70% vun de Chargen iwwerholl, mat engem Plaffong vu 50.000€, bei Autoen a Motorrieder 50% mat engem Plaffong vun 10.000€ a bei Griewer 70%. All Demande ënner 1.000€ gëtt iwwerdeems komplett iwwerholl.

Déi Leit, deenen hir Dossiere komplett waren, sollen d'Suen elo direkt kréien, esou de Comité de suivi. Leit, bei deenen nach Saachen am Dossier feelen, gi vun de Sozialbüroen nach ee mol kontaktéiert. Fir alleguer dës Dossieren ass eng Enveloppe vun 915.874,97€ virgesinn. Déi Suen, déi nach iwwreg bleiwen, géifen op d'Säit geluecht gi fir Dossieren, bei deen d'Leit nach op Devisë waarden, esou de Comité de suivi.

Schreiwes vum Comité de suivi

Back to Top
CIM LOGO