Wat däerf een a wat net, wann een am Krankeschäin ass?

Serie op RTL: Den Tim Morizet geet mat Iech all Méinden op d'Déngschtleeschtunge vun der CNS an.
Zu Lëtzebuerg goufen 2015 am ganzen iwwer 650.000 Krankeschäiner ausgeschriwwen. Dovunner waren der 43.360 wéinst Accidenter, an de Recht wéinst Krankheet. Ma wat däerf ech a wat däerf ech net mat engem Krankeschäin maachen a wat muss ech maachen, wann ech Doheem muss bleiwen, wéinst engem Kand dat krank ass. D'Äntwerten dorobber am 10. Deel vun eiser Serie iwwert d'CNS.
Déi éischt 5 Deeg vun engem Krankeschäin ass am Prinzip keng Sortie erlaabt.
Vum 6. Dag u kann de Kranken dann awer tëscht 10 Auer moies an 12 mëttes, an tëscht 14 Auer mëttes bis 18 Auer owes erausgoen. Dat gëllt awer och just wann den Dokter dat vermierkt, fir dat keng Konter-Indikatioun fir den Ausgang besteet.
De Gaston Fischer, Assistant Projets bei der CNS, erklärt d'Exceptiounen. D'Regele kënnen dann ignoréiert ginn, wann dee Kranke bei de Kontrolldokter, bei säin Dokter oder bei e Fournisseur vu soins de santé geet, wéi zum Beispill de Kiné. Sollt grad dee Moment eng Kontroll kommen, muss dat och dokumentéiert ginn. Den Assuré däerf och erausgoe fir eng Moolzecht zou sech ze huelen, dat vum 1. Dag un, ma hie muss der Krankekeess Bescheed soen.
Wat geschitt, wann ee sech ze spéit krank mellt bei sengem Patron? Ma dat läit beim Aarbechtsrecht an dem Patron selwer. Wann d'Gesondheetskeess awer mierkt, datt de Krankeschäin ze spéit oder guer net bei hinnen ukënnt? Da gëtt den Assuré an enger éischter Phas héiflech drun erënnert, dat esou séier wéi méiglech nozehuelen. Bei enger Recidive kann een dem Code de la Sécurité Sociale no souguer eng Amende vu 750€ heem geschéckt kréien.
2015 gouf iwwer 42.000 mol e "Congé pour des raisons familiales" ugefrot. An dee muss een och ufroen, wann een doheem bei engem kranke Kand wëll bleiwen. Dat geschitt och iwwert de Wee vun engem Krankeschäin, wou den Dokter dann den Deel vum "Congé pour raisons familiales" ausfëllt. Dëst geet nëmme bei Kanner ënner 15 Joer, mat enger Ausnahm fir Kanner mat engem Handicap. Och hei muss de Patron direkt vum Assuré oder enger aner Persoun informéiert ginn.
Wann een da selwer fir länger Zäit krank ass, als Beispill fir puer Méint, dann iwwerhëlt den Patron de Salaire fir déi éischt 77 Deeg (op enger Referenzperiod vu 12 Méint) plus de lafende Mount. Duerno iwwerhëlt d'Gesondheetskeess d'Remuneratioun. Awer nëmme bis zu engem Total vun 52 Wochen, op enger Referenzperiod vun 104 Wochen.
Wat duerno geschitt fält ënnert d'Aarbechtsrecht. D'CNS ass dofir dann net méi zoustänneg.
Weider Informatiounen zum Krankeschäin an och aneren Themen: Op cns.lu
Serie CNS (1. Deel) - D’Kompetenze vun der Gesondheetskeess.
Serie CNS (2. Deel) - Affiliatioun, Co-Assurance oder Assurance Volontaire.
Serie CNS (3. Deel) - Wéi eng Servicer gi fir Frontalieren ugebueden?
Serie CNS (4. Deel) - "Prestations en nature" vun der CNS.
Serie CNS (5. Deel) - Wat huet ee bei den Zänn zegutt? A wat net?
Serie CNS (6. Deel) - Wa mäi Kand elo eng Bréck brauch, kënnt d'CNS dofir op?
Serie CNS (7. Deel) - Wat huet ee beim Brëll ze gutt?
Serie CNS (8. Deel) - Wat kritt ee fir Kontaktlënsen zeréck?
Serie CNS (9. Deel) - UPDATE - Wéini brauch ech e Krankeschäin an däerf ech e briechen?