MillebaachA Lokal agebrach a Keess geklaut, Täter a Bësch gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Direkt e puer Patrullen hu sech un der Sich no den Abriecher bedeelegt, dorënner och en Helikopter vun der Police
© Laurent Weber

An der Nuecht op en Dënschdeg koum et an der Rue de Rollingergrund an der Millebaach zu engem Abroch an e Lokal, bei deem zwee Täter ënner anerem eng Keess mat Sue matgoe gelooss hunn, esou d’Police an hirem Bulletin. E puer Patrulle waren direkt op d’Sich no de Brigange gaangen. Wéi mir op Nofro bei der Police gewuer gi sinn, war dobäi och den Helikopter am Asaz.

An engem Stéck Bësch konnten déi presuméiert Täter dann och gestallt ginn. Och dat wat si geklaut haten, konnten d’Poliziste recuperéieren. Op Uerder vum Parquet goufe béid Männer festgeholl an dem Untersuchungsriichter virgefouert.

Weider Abréch gouf et dann nach en Dënschdeg den Owend. An der Rue des Saules zu Schraasseg haten onbekannt Täter eng Fënster futtigeschloen a sinn an en Haus gebrach. Deen nämmlechten Owend goufen an engem Haus an der Rue Prinzenberg zu Péiteng eng Rei Kummeren duerchsicht, nodeems hei eng Dier opgebrach gouf.

A béide Fäll goufen Enquêtë lancéiert. D’Police weist an deem Kontext nach emol op hir Rotschléi hin, mat deene ee sech virun Abriecher schütze kann. Dës fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO