
D’Regierung gesäit duerch d’Annonce vu méiglechen Delokalisatiounen bei Arcelor-Mittal nach keng Noutwendegkeet fir eng Stol-Tripartite. Dat hat den Aarbechtsminister Marc Spautz eis e Freideg op Nofro gesot. Vill méi sollten d’Gespréicher tëscht de Sozialpartner, wéi gewinnt, um Niveau vum Aarbechtsgrupp fir den Accord Lux2030 weiderlafen.
Sollt een do net virukommen, da géifen hie selwer an den Wirtschaftsminister Delles sech aschalten an hir Verantwortung iwwerhuelen, sou de Marc Spautz. Ma schonn am Nomëtteg koum dunn awer d’Confirmatioun aus dem Regierungsrot, dass déi zwee Ministeren un den Diskussiounen wäerten Deel huelen...
D’Tageblatt mellt e Mëttwoch, dass an engem gudde Mount, den 20. Mäerz, déi nächst Reunioun soll beieneekommen. OGBL an LCGB hätte sech gefreet, wann de Premier Frieden selwer och derbäi wier, fir ze erklären, wat genee hien an den Adyitia Mittal bei de Gespréicher um Bord vum Weltwirtschafts-Sommet ausgemaach hätten. Vun der Regierung heescht et, dass de Premier en Appel gemaach hätt, dass et keng Delokalisatioun sollt ginn, dass de Siège vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg soll bleiwen.,an dass d’Investissementer a lëtzebuergesch Sitte sollen héich bleiwen.