
En Dënschdegowend huet eng Patrull vun der Police beobacht ewéi ee Mann an der Rue du Fort Neipperg engem aneren eppes ginn huet. Duerno sinn déi zwee dann a verschidde Richtunge weidergaangen.
Well de Verdacht opkomm ass, dass et sech ëm en Drogegeschäft kéint handelen, goufen déi zwee kontrolléiert. Dobäi goufe beim presuméierten Dealer Drogen, Suen an en Handy fonnt. Bei deem anere Mann goufen Droge fonnt.
De presuméierten Dealer gouf festgeholl an hat e Mëttwochmoie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.