Ongewollte LeaderOvershoot Day: Lëtzebuerg ass ee schlechte Schüler

Lisa Weisgerber
Mol eng Kéier, wou Lëtzebuerg ganz grouss op der Kaart ass an da kënne mir eis mol net domadder bretzen, well mir gehéieren zu deenen zwee Länner, déi hir Ressourcen am séierste verbrauchen.

Nëmmen de Qatar schneit nach méi schlecht of wéi Lëtzebuerg, wann et ëm den Overshoot Day geet. Den Emirat huet seng natierlech Ressourcë vum Joer schonn de 4. Februar verbraucht.

Den Overshoot Day gëllt international als Opruff, fir säi Konsum zu iwwerdenken. Fir Lëtzebuerg ass den Datum dëst Joer de 17. Februar – d’selwecht wéi nach 2025.

Fir op deen Datum ze komme gëtt eng Rechnung gemaach. Et gëtt ee Verglach tëschent dem Verbrauch an de Ressourcë fir d’Joer gemaach. Dorënner falen: den Tanktourismus, d’Mobilitéit an d’Benotze vum Auto, d’Alimentatioun, de Logen oder nach de Cargo-Transport, erkläert de Gauthier Hansel vu Greenpeace am Gespréich mat RTL.

Lëtzebuerg lieft fir de Recht vum Joer op “Kredit”, an dat schonn no annerhallwem Mount. Dat wëll heeschen, dass mir méi Ressourcë verbrauche, wéi d’Natur an engem Joer liwwere kann.

Géif jiddereen esou liewen, wéi mir zu Lëtzebuerg, da bräicht Mënschheet ronn siwe Planéiten.

Votum Klima, eng Plattform déi aus 15 ONGe besteet, stellt kloer Fuerderungen un d’Regierung, déi der Realitéit an d’Ae sollt kucken. De Premier Luc Frieden hätt an engem Discours zu Harvard Verdéngschter vun der Europäescher Ekonomie gefeiert, déi de Wuesstem fërdere ganz am Respekt vun de Limitte vun der Äerd.

Wann dann awer den Overshoot Day op de 17. Februar fält, misst ee bal iwwert déi Ausso vum Premierminister schmunzelen, betount de Gauthier Hansel.

Verschidde Leit hei am Land probéieren och schonn, hiren Deel bäizedroen, den CO2-Verbrauch ze reduzéieren an domadder villäicht den Overshoot Day an den nächste Joren nach weider no hannen ze réckelen.

Overshoot Day
Wat maachen d’Leit zu Lëtzebuerg, fir den Overshoot Day ze verréckelen?

Back to Top
CIM LOGO