Lëtzebuerger mat 2.814 Euro Vakanze-Budget EU-Spëtzt

De Lëtzebuerger ass hir Vakanz helleg. Op d'mannst liest sech dat aus den neisten Zuele vum Statec eraus.
De Statec huet där Zuelen iwwer d'Reesgewunnechte vun de Lëtzebuerger an eise belschen, franséischen an däitschen Nopere publizéiert. Mat 2.800 Euro pro Joer a pro Kapp leien d'Awunner vum Grand-Duché souguer bannent der EU un der Spëtzt.
83 Prozent vun de Lëtzebuerger hunn 2015 op d'mannst eng Rees gemaach, mat enger Iwwernuechtung. Domat leie mir op Plaz 3 hanner Finnland an der Schwäiz.
Wat awer Vakanze vu 4 Deeg a méi ugeet, do leien d'Lëtzebuerger un der europäescher Spëtzt. D'Marie-Jo Airoldi ass Chef de Projet vum Sondage iwwer den Tourismus beim Statec an erkläert, wou d'Rees dann am léifsten higeet. Si bleiwen gären an Europa, zu 87%. 18 Prozent vun alle Reese ginn a Frankräich, duerno Spuenien 10% an Däitschland och 10%.
De Lëtzebuerger Resident gëtt sech traditionell en décke Budget, fir an d'Vakanz ze fueren, 2.814 Euro fir genee ze sinn a läit domat nach bal 200 Euro iwwer Dänemark, déi op der 2. Plaz sinn an 1.000 Euro méi wei eis franséisch an däitsch Noperen. An d'Lëtzebuerger sinn op d'mannst mol 2015 bei wäitem léiwer an den Hotel gaangen wéi op de Camping, zu 71 Prozent.
Bei der Zuel vun Iwwernuechtunge leie d'Fransousen awer un der Spëtzt: 31 Nuechten an der Moyenne, géint de Lëtzebuerger mat 26. Ma d'Fransouse bleiwen och am eegene Land.
An der Moyenne ginn d'Lëtzebuerger iwwerdeems 107 Euro pro Iwwernuechtung aus. Domat leie mir EU-wäit op der 4. Plaz hannert Éisterräich un der Spëtzt mat 118 Euro, Malta an dann der Schwäiz. D'Fransouse gi 60 Euro an der Moyenne pro Nuecht aus an d'Belsch 80.