E Samschdeg an der Nuecht an um fréie Moie sinn der Police zwee Chauffere wéinst Alkohol um Steier opgefall.

Géint 2.45 Auer e Samschdeg ass enger Patrull vun der Police an der Rue des Pépinières zu Mäertert e Gefier entgéintkomm. Allerdéngs ass d'Rue des Pépinières e Sens unique an d'Gefier koum aus der falscher Richtung. D'Beamten hunn dëst dowéinst ugehalen an de Chauffer kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.

Géint 6.40 Auer ass et dann zu engem Accident op der A7 a Richtung Norde komm. En Automobilist ass hei am Tunnel Grouft engem aneren hannendra gerannt, sou dass dëse mat sengem Gefier an d'Mauer vum Tunnel gerannt ass. Éischten Informatiounen no, war de Chauffer vum éischten Auto an e Sekonneschlof gefall. Bei der Kontroll op der Plaz huet sech awer och erausgestallt, dass hien Alkohol gedronk hat. D'Tunnelle Stafelter a Grouft goufe fir den Trafic gespaart, bis den Accident geraumt war.