Zu Lëtzebuerg gëtt den Ament net dru geduecht fir fir d'Gefaangenentransporter de sougenannte "Justizvollzugsbeamter", wéi an Däitschland, anzeféieren.

AUDIO: Gefaangenentransport / Reportage Pit Everling

Dat äntwert de Policeminister Etienne Schneider op eng parlamentarescher Fro vun der DP.

D'Deputéiert André Bauler a Max Hahn wollte wëssen, ob et Pläng an déi Richtung géinge ginn. D'Gefaangenentransporter ginn zu Lëtzebuerg nämlech vu Polizisten assuréiert an dat géing dës vill Zäit kaschten. Dobäi wier et bekannt, datt et an der Police e Manktem u Personal gëtt.

De Minister Schneider schreift a senger Äntwert, datt d'Polizisten déi néideg Formatioun hunn, taktesch gesinn an och beim Ëmgang mat Waffen. D'Beamte kéinte bei Tëschefäll oder Attacke richteg reagéieren.

D'Reflexioune vun der Regierung géingen den Ament an d'Richtung goen, datt soll gekuckt gi fir déi Gefaangenentransporter ze limitéieren. D'Asetze vu "Justizvollzugsbeamten" nom däitsche Modell schéngen also keen Thema ze sinn.

D'Zuel vu Polizisten ass an de leschte Joeren iwwerdeems konstant eropgaangen. Waren et der op den éischte Januar 2010 nach 1749, esou sinn et der op den éischte Januar dëst Joer 2028 gewiescht, an zwar 1476 Inspekteren, 261 Brigadieren an 216 zivil Kaderen.

Zejoert goufe bei der Police iwwregens ronn 28.000 Iwwerstonne bezuelt.