Nodeems d'CGFP e Méindeg mat enger Protest-Maniff Enn November gedreet hat, huet de Minister vun der Fonction Publique en Dënschdeg de Moien reagéiert.

Et rumouert weiderhin an der Fonction publique. D’CGFP, déi e Méindeg hir sozial Rentrée hat, stéisst sech nach ëmmer un der ominéiser 80-80-90 Reegelung beim Stage vu Leit am ëffentlechen Déngscht.

Obwuel d’Gewerkschaft e puer mol mat Nodrock gefuerdert hätt dass dës, Zitat, onnéideg a kontraproduktiv Spuer-Mesure nees zeréck gezu gëtt, géif sech d’Regierung vehement dogéint wieren, heescht et an engem Communiqué.

Eng grondleeënd Reform vum deem Stage géif weiderhin en eidelt Versprieche bleiwen.

De National-Virstand vun der CGFP annoncéiert dowéinst eng grouss-ugeluechte Protest-Maniff nach virun Enn November, fir de Fall, dass et vu Regierungs-Säit hei keen Alenke gëtt. Decisiv dofir wier eng weider Reunioun tëscht der Staatsbeamte-Gewerkschaft an dem zoustännege Minister Dan Kersch.

Den Dan Kersch reagéiert

Am aktuellen Accord Salarial gëtt et kee Spillraum méi fir un déi sougenannten 80-80-90 Reegelung fréckelen ze goen. Dat sot de Minister vun der Fonction Publique, Dan Kersch, en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview, als Reaktioun op d'Fuerderung vun der CGFP des Mesure sou séier wéi méiglech nees ofzeschafen.

D'Staatsbeamtegewerkschaft hat jo e Méindeg am Kader vun hirer Rentrée Sociale gefuerdert, dass de Stage an der Fonction Publique muss reforméiert ginn. Sollt dat net geschéien, wéilt ee bis Enn November eng Protest-Maniff organiséieren.

De Minister Dan Kersch betount, dass d'Staatsbeamtegewerkschaft des Reegelung mat der viregter Regierung ofgemaach huet. Hie géif et bedaueren, dass d'CGFP net vun der Geleeënheet profitéiert hätt, mat him driwwer ze schwätzen, dëst am Kader vum neien Accord Salarial, deen Enn Dezember ënnerschriwwen ginn ass, fir déi dote Reegelung nees ofzeschafen. Fir hie wier prinzipiell de Wëllen do gewiescht, hie wier och selwer ni begeeschtert gewiescht iwwert des Reegelung. D'CGFP hätt sech dogéint kloer fir eng 1,5% Punktwäerterhéijung agesat.

AUDIO: Den Dan Kersch

Den zoustännege Minister huet nach drop higewisen, dass des Hausse de Staat ronn 40 Millioune kascht, eng Ofschafung vun der 80-80-90 Reegelung hätt dat selwecht kascht. Elo misst den nächsten Accord Salarial ofgewaart ginn, dat ass 2019 de Fall. Um aktuellen Accord kéint jiddwerfalls net méi gefréckelt ginn, an dat wéisst och d'Staatsbeamtegewerkschaft, sou nach den Dan Kersch.