Saarbrécken gëtt zu engem festen Partner vun der Luxair: E Méindeg gouf ficeléiert, datt d'Luxair 18 Mol d'Woch tëscht Saarbrécken a Berlin-Tegel flitt.

Duerfir gëtt och e geleasten Bombardier-Fliger mat 70 Plazen fix um Fluchhafen am Saarland stationéiert, well soss all aner Maschinnen vun der Luxair ausgelaascht sinn. D'geleast Maschinn gehéiert "Adria Airways".

Den entspriechenden Accord gouf e Méindeg de Mueren zu Saarbrécken presentéiert.

D'nächst Joer gëtt decidéiert, wéi et mat der Streck Saarbrécken-Berlin weidergeet an ob eventuell en neie Fliger kaf gëtt. D'Luxair-Direktioun ëm den Adrien Ney tabléiert am éischte Joer op bis zu 120.000 Passagéier.

Domat iwwerhëlt d'Luxair d'Ligne an déi däitsch Haaptstad vun der Air Berlin, déi dee leschte Vol un d'Spree dëse Freideg huet, wëll d'Airline jo Faillite gemaach huet.

D'Streck ass eng vun de lukrativen, well Air Berlin mat 2 Volen den Dag eng 118.000 Passagéier zejoert vu Saarbrécken aus, transportéiert hat.

D'Luxair-Vole funktionéiere vum 1. Januar un, viséiert sinn natierlech Business-Clienten, mä och Touristen, déi fir e puer Deeg op Berlin fléien. Dee bëllegsten Tarif läit bei 149 Euro.

Och den direkte Vol tëscht dem Findel a Berlin bleift am Programm vun der Luxair.