Rekrutement bei der Force publique weider ee Problem
De Syndicat vun Arméi a Police, kuerz SPFP, deen der CGFP ugehéiert, hat um Donneschdeg den Owend zu Walfer Generalversammlung.
Alles an allem zielt d'Personalvertriedung vun Zaldoten a Polizisten eng 3.000 Memberen.
Op d'Tapéit koumen natierlech d'Doléancen, déi een un den neie Gesetzer vun Arméi a Police huet, mat do och Kritiken un den disziplinaresche Mesuren, déi sollen ënner anerem dem Policegeneraldirekter méi Pouvoire ginn.
Suerge mécht de Leit aus der Gewerkschaft vun der Force Publique, datt et Problemer weiderhin beim Recrutement ginn. De President vum SPFP Pascal Riquier sot, datt d'Leit net méi an d'Arméi ginn, fir an d'Arméi ze goen. Dat misst nees méi attraktiv gemaach ginn. D'Arméi misst nees méi Leit kréien. Do hätten all Verwaltungen eppes dovunner.
Och de Vize-President Christian Schleck gesäit d'Situatioun ähnlech beim Recrutement vun jonke Leit, déi op den Härebierg solle kommen. D'Arméi wier réischt de Plang B oder C fir d'Leit hautzedaags. Eng ronn 150 Zaldote feelen am Alldag.
Positives awer och: d'Ausbildung, déi Polizisten an Zaldoten am Kader vun der VIGILNAT-Formatiounen ausmaachen, fir d'bannenzeg Sécherheet ze garantéieren, gouf allgemeng gelueft.
