No Ruppert-Kritik, Parteipresidentin Cahen reagéiert op RTL

Dem Quotidien huet de fréieren DP-Generalsekretär gesot, datt d'Presidentin Corinne Cahen Drock op hie gemaach hätt.
"Clash au DP" ... sou den Titel um Samschdeg de Mueren op der Une vum Quotidien, wou den demissionären DP-Generalsekretär Marc Ruppert zu Wuert kënnt an nach eemol op seng Demissioun am Directoire vun der Partei ze schwätze kennt, ee Mount no de Wahlen, bei deenen de Ruppert op der Stater DP-Lëscht op déi 16. Plaz komm war.
Eng Woch dono koum et dunn zu engem Tëschefall. No engem Commentaire am „Lëtzebuerger Wort“ iwwer e Manktem un Demokratie bannent der DP hätt d'Presidentin Corinne Cahen Drock op hie gemaach, fir kloer an ëffentlech Stellung ze huelen zu deem Kommentar.
Hie wär där Opfuerderung awer net nokomm, wat fir d'Ministerin Konsequenzen no sech zéie géif, déi si allerdings net präziséiert hätt.
De Marc Ruppert, dee vun „inacceptabelem Drock“ schwätzt, hätt, wéi hie seet, a senger Funktioun och méi mat der Basis vun der Partei wëllen zesummeschaffen, mä dofir hätt et kee Wëlle ginn.
D'Ministesch Corinne Cahen war um Samschdeg de Moie bei eis am Studio an huet op dës Aussoe reagéiert.
D'Parteipresidentin sot am RTL-Interview, datt et keen Drock an och kee Clash ginn hätt - et wier wuel éischter sou gewiescht, datt de Marc Ruppert vläicht enttäuscht gewiescht wier iwwer säi Wahlresultat - och hätt hie gären eng fest Plaz op der Lëscht fir d'Chamberwahle gehat - dat hätt d'Parteispëtzt him awer net kéinten zougestoen.
Och vun enger anerer Kritik vum Marc Ruppert, nämlech vun "engem demokrateschen Defizit" an der DP, huet sech d'Corinne Cahen distanzéiert. Allemol hätt alles och net esou gestëmmt, wéi et iwwert d'Partei an engem Wort-Artikel gestanen hätt. Basis-Aarbecht misst all Dag och um Terrain geleescht ginn, sou d'liberal Parteipresidentin.