DP-Clash: De Marc Ruppert seet näischt

De Clash tëscht Corinne Cahen a Marc Ruppert schléit weider Wellen, déi op en Neits vun der Parteipresidentin ausgeléist goufen.
Sou steet et e Méindeg de Moien am Quotidien.
Effektiv huet d’Parteipresidentin e Samschdeg bei eis op der Antenne tëscht den Zeilen kloer ze verstoe ginn, wat si vun hirem demissionäre Generalsekretär hält. Dee wier vu sengem Wahlresultat enttäuscht gewiescht, hätt no festen Zousoe gefrot, fir d’nächst Joer op der Lëscht ze sinn, ma hätt net genuch Basisaarbecht um Terrain gemaach. Vun inakzeptabelem Drock an engem doutéise Manöver géint de Marc Ruppert kéint keng Rieds goen, huet d’Familljeministesch betount.
De Marc Ruppert wollt e Méindeg de Moien, op eis Nofro hin, näischt méi zu dësem Thema soen. Hie wéilt net nach wieder Ueleg op d’Feier schëdden. Just sou vill, hie géif d’Gremien a senger Partei jo awer kennen an hätt dofir net gefrot, fir elo schonn eng Zouso fir op déi national Lëscht ze kréien. Seng Memberschaft an der DP opzeginn, kënnt fir de Marc Ruppert einstweilen net a Fro. Hien hätt an de leschten Deeg awer och vill Zousproch kritt.
De Quotidien an d’Wort awer behaapten iwwregens e Méindeg op en Neits, d’Parteipresidentin hätt Drock op de Marc Ruppert gemaach. D’Corinne Cahen hat en Dementi op de Wort-Commentaire gefuerdert an anerwäerts mat Konsequenze gedreet.