Guide fir d'Verhalen op der Schaff mat Drogen an Alkohol
L'alcool, les drogues et le travail - esou ass den Titel vun engem neie Buch vum Affekot Maître Pierrot Schiltz.
Dëst gouf um Méindeg Moien zesumme mat der Handwierker-Federatioun an a Präsenz vum Aarbechtsminister Nicolas Schmit presentéiert.
Et ass u sech eng Zorte Guide fir d'Verhalen op der Schaff mat Drogen a mat Alkohol. Den Auteur vertrëtt kloer d'Positioun, dass et u sech fir all d‘Fäll eng Null-Toleranz misst ginn, déi et rechtlech gesinn zu Lëtzebuerg awer net gëtt.
Dofir lëscht hien eenzel Beispiller a Jurisprudenzen op, déi an de leschte Joren a Fäll vun Alkohol- oder Drogemëssbrauch op der Schaff geschwat gi sinn.
De Pierrot Schiltz ass an der mëttlerweil 2. Editioun vu sengem Buch formell. D’Aarbechtsrecht gesäit keng Dispositioune vir a Fäll vun Alkoholmëssbrauch op der Schaff.
Woubäi et bei den Droge méi einfach ass, well hei alles um strof-rechtleche Wee gereegelt ass. Net esou beim Alkohol, hei gëlle betribsintern Reegelen, oder déi, di via Kollektiv-Vertrag festgehale sinn.
Kënnt et dann emol zu engem Prozess, well mol een ze vill op der Schaff geduuscht hat, argumentéieren d’Riichter dem Auteur no trotzdeem alt emol en faveur vum Beschëllegten, sou laang wéi keen Accident geschitt wier.
Fir den Aarbechtsminister wier d’Fro vun enger vum Auteur gefuerderter Null-Toleranz awer schwiereg an d‘Realitéit ëmzesetzen.
Mam Buch, dat iwwregens op eng einfach a spilleresch Manéier illustréiert ass, ouni ze vill Fach-chinesesch, ginn och Beispiller genannt vu Jurisprudenzen déi geschwat goufen.
De Minister hofft awer dass d’Buch och nach en aneren Effekt kéint hunn. Hien hofft, dass an der Gesellschaft an och an de Betriber d'Astellung géigeniwwer vum Alkohol sech ännert.
Virun allem wann et ëm Beruffer geet, wou een net just sech, mä och anerer a Gefor brénge kéint, spréch als Chauffer vum ëffentlechen Transport, als Pilot oder och een deen um Kran sëtzt.
Hei gëllen vum Employeur aus awer an der Reegel souwisou ganz streng Consignen.