An Zukunft sollen d'"Pecherten" net nach just fir de rouende Verkéier zoustänneg sinn.

Vläicht hutt der iech schonn emol iwwert eng vun deene folgende Situatiounen opgereegt: Den Noper, dee méi haart Musik lauschtert, wéi erlaabt, en aneren, deen den um Trottoir viru senger Hausdier näischt géint d’Glatäis ënnerhëlt oder en Hondsbesëtzer, deen d’Geschäft vu sengem Déier um Trottoir leie léisst. Dat sinn alles Verstéiss géint d’Gemengereglementer, wou aktuell d’Police fir zoustänneg ass.

Mä well esou kleng Delikter vun der Police awer net prioritär behandelt ginn, kënnt et dacks vir, datt se leie bleiwen. Hei setzt d’Ufro vun den Agents municipaux un, déi der Police an dëse Fäll ënnert d’Äerm gräife wëllen.

D’Iddi ass et, de Pecherten d'Méiglechkeet ze ginn, kleng Geldstrofe vun de Bierger anzefuerderen, wann déi géint verschidde Gemenge Reglementer verstoussen. Sou zum Beispill, wa se den Trottoir blockéieren oder zur falscher Zäit hir Wiss méien. Doduerch gëtt weder d'Police, nach de Parquet oder d'Geriicht mat deene Fäll belaascht an dat misst am Interêt vu jidderengem Sinn, sou den Inneminister Dan Kersch.

RTL

Fir d'Pecherten, wéi d'Agents municipaux am Volleksmond genannt ginn, ass et kloer, si wëlle keng Police ginn, och keen Duerfscheriff a Waffen hätte si och net gefrot.

Och d'Angscht vum Staatsrot, datt si eng zweet Police géife ginn, ass an den Aen vun der Policegewerkschaft net berechtegt. Si verweisen op d'Beispill Däitschland, wou et jo d'Ordnungsamt gëtt an do d'Zesummenaarbecht gutt funktionéiert. Et géif ee mat der Kompetenzerweiderung vun de Pecherten der Police, déi Personalmangel huet, hëllefen, seet de Pascal Ricquier.

D'Police fäert awer dogéint, datt vill Brigadieren da vun hinnen op d'Gemeng ginn, wou se eng besser Pai a manner Risiko hunn.