CGFP: Ultimatum gestallt, mat Streik gedreet
D'CGFP huet no hirem Opruff vum 27. November, de Stage ze reforméieren, kaum Äntwerte vun de politesche Parteie kritt. Ausnamen: Déi Lénk a KP.
"Wa si net reagéieren, dann agéiere mir." Dat sot d'CGFP e Méindeg, nodeems de Comité fédéral eng éischte Kéier dëst Joer beienee war.
Et goung an där Reunioun virun allem ëm d'Fuerderung vum 27. November. Op enger Maniff hat d'Staatsbeamtegewerkschaft deen Dag d'Parteien opgefuerdert, bannent zwou Woche kloer ze soen, ob si d'Fuerderunge vun der CGFP fir e besseren ëffentlechen Déngscht géinge matdroen.
Eng Äntwert koum deemools awer just vun déi Lénk a vun der Kommunistescher Partei ...
Esou geet dat natierlech net, huet d'Staatsbeamtegewerkschaft e Méindeg ënnerstrach.
D'Parteien an d'Regierung kréien elo Post vun der CGFP. Si ginn an engem Bréif opgefuerdert, Faarf ze bekennen. Dat Schreiwes ass un de Premier Xavier Bettel gaangen an un déi eenzel Parteien - mat enger ganz klorer Fro, wéi de President vun der CGFP, de Romain Wolff, seet. An zwar der hypothetescher Fro, ob een als Partei, wann een eleng an der Regierungsverantwortung wier, iwwer déi ëmstridde Punkten aus der Reform géif diskutéieren, fir se aus der Welt ze schafen, a wéi steet et mat 80-80-90, géife se dat als Partei ofschafen oder net?
Fir de Romain Wolff ass dat do eng Fro, déi ee ganz einfach mat JO oder mat NEE beäntwere kann.
D'Bréiwer sinn eraus an d'CGFP hätt gäre bis den 19. Februar, dat ass méindes no der Fuesvakanz, eng Äntwert.
De Comité fédéral kënnt no der Vakanz erëm zesummen a wann d'Äntwerten dann net deem entspriechen, wat sech d'Staatsbeamtegewerkschaft erwaart, da muss mat weidere gewerkschaftleche Schrëtt gerechent ginn.
Ee vun de méigleche Schrëtt, wann d'Regierung aus CGFP-Siicht net anstänneg reagéiert, wier e Litige. Da wier een eben am 1. Schrëtt vun enger Streikprozedur.
Dann huet de Comité fédéral vun der CGFP a senger Reunioun och nach emol bedauert, datt d'Gehälterofkommes am ëffentlechen Déngscht nach ëmmer net komplett ëmgesat ass an d'Gewerkschaft ass och weider fir eng Hausse vum Mindestloun.
Wat d'Pensiounen an d'Renten ugeet, géif et allerdéngs keen Handlungsbedarf. Eventuell Verschlechterungen dierften den Ament net op der politescher Agenda stoen.