D'Corinne Cahen huet am RTL-Interview gesot, datt d'DP sech fir eng méi kuerz Stageszäit an der Fonction public géif asetzen. Den Dan Kersch reagéiert.

Ofgeschwat war se net, d'Annonce vun der DP-Parteipresidentin Corinne Cahen en Dënschdeg den Owend, fir 1 amplaz vun 3 Joer Stage an der Fonction publique ze fuerderen, ma de Ressorminister Dan Kersch seet sech eegenen Aussoen awer net iwwerrascht iwwert de Contenu vun der Fuerderung. Dat wat d'Corinne Cahen inhaltlech gesot huet, géif mat deem iwwertenee stëmme wat hie selwer och schonn e puer mol verlaude gelooss hätt: Et sollt een iwwert d'Dauer vum Staat an d'80-80-90-Regel diskutéieren, am Kader vun engem neien Gehälteraccord.

AUDIO: Dan Kersch zu CGFP a Congé no der Gebuert / Claude Zeimetz

Den LSAP-Minister wollt sech um Mëttwoch de Moien am RTL-Interview net formell op ee Joer limitéieren. Et géif Beräicher, zum Beispill d'Police, wou déi jonk Beamte méi eng laang Formatioun géife brauchen.

Fir de Rescht war et dëse Commentaire:

Dan Kersch: "Fir d'éischt muss een emol soen, dass et an dësen Deeg net einfach ass, Spëtzekandidat ze sinn an deene jeeweilege Parteien, well een den Androck huet, dass de Wahlkampf lancéiert gëtt, ouni dass d'Spëtzekandidate sou richteg matkréien. Dat war bei der CSV de Fall bei der Madamm Reiding. Et ass elo e bëssen de Fall bei der DP, wou d'Madamm Cahen dann elo ufänkt de Wahlkampf ze lancéieren. Ech kann domatter ganz gutt liewen, soulaang d'Regierungsaarbecht net dorënner leit. Et muss ee soen, dass mir nach ganz grouss Projeten op der Dagesuerdnung hunn. Wéi gesot, et ass eng onroueg Zäit. Dat erkläert da vläicht och, firwat dass deen een oder aneren erausgeet an iwwerraschend Deklaratioune mécht."

AUDIO: Den Dan Kersch iwwert de Wahlkampf, dee lancéiert gouf

Hien hätt vun Ufank un awer och eng Diskussioun iwwert de Stage an iwwert d'80-80-90-Regel am Kader vun engem allgemenge Bilan vun der Reform gefrot.

Dan Kersch: "Ech wär vläit net esou formell gewiescht, fir mech beim Stage op 1 Joer hei auszedrécken. Et gëtt Beräicher, wou et ganz schwéier wäert ginn, fir de Stage an engem Joer duerchzezéien, wéi d'Schoul, d'Police oder d'Rettungsdéngschter. Mä et ass awer kloer, datt d'Auer vum Stage Thema muss ginn bei den nächsten Diskussioune mat der CGFP."

An déi Diskussiounen kéinte schonn am Mäerz, Abrëll ufänken.

Den drëtte Regierungspartner, also déi Gréng wëllen, net mat groussen Neiegkeeten optrompen, déi net iwwerluecht sinn, seet d'Josée Lorsché. Et dierft een eng Reform déi grad mol annerhalleft Joer gräift net iwwerstierzen, ma de ganze System misst mol fir d'éischt evaluéiert ginn. Konkret Aussoen, wéi laang de Stage sollt sinn, gouf et net. Och net vun der CSV.

Mir brauchen eng inhaltlech Diskussioun a keng "Schlagwuertdiskussioun", mengt d'Octavie Modert a schwätzt vu Surenchère, engem Revirement vun der DP a Wahlkampf.

Wann eppes zu der Fonction publique ze soe wier, da géif dat an den CSV-Wahlprogramm kommen an net a Form vu Bréiwer un d'CGFP.

D'Staatsbeamtegewerkschaft wollt um Mëttwoch iwwregens net op déi konkret Propos vun der DP reagéieren. Et géif een net op all Tëscheruff reagéieren.

D'CGFP huet de Parteien an der Regierung bis den 19. Februar Zäit ginn fir op hire Bréif iwwer Adaptatiounen an der Fonction publique an d'Ofschafe vun der 80-80-90-Regel ze reagéieren.

AUDIO: Reaktioun op DP-Ausso / Reportage Claude Zeimetz
Regierungspartei DP: Stageszäit vun 3 op 1 Joer kierzen
D'Corinne Cahen huet am RTL-Interview gesot, datt d'DP sech fir eng méi kuerz Stageszäit an der Fonction public géif asetzen. Den Dan Kersch reagéiert.

Wann et der DP nogeet, soll de Stage an der Fonction Publique vun 3 op 1 Joer verkierzt ginn.

Dat sot d'Parteipresidentin Corinne Cahen en Dënschdeg am Interview op RTL Tëlee Lëtzebuerg. De Stage sollt op 1 Joer erofgesat ginn, dofir awer qualitativ besser ginn, fir d'Leit besser op hir zukünfteg Tâche virzebereeden, sou d'Corinne Cahen. Dee Moment misst awer och eng Weiderbildung proposéiert ginn, déi een déi ganz Karriär iwwer ka maachen, fir sech ëmmer nees z'adaptéieren par Rapport zu neie Gesetzer, zu neie Momenter, sou nach d'DP Parteipresidentin. Et wier wichteg, dass d'Leit sou séier wéi méiglech asazbereet sinn, d.h ee Joer géif duergoen, allerdéngs misst d'Qualitéit vun der Formatioun massiv erop geschrauft ginn.

Corinne Cahen: "D'DP ass der Meenung, datt de Stage am Fong op 1 Joer soll erofgesat ginn, dofir awer qualitativ besser ginn, datt d'Leit besser virbereet ginn op déi Tâche, déi si dono an hirem Liewe sollen ausféieren.  Mir sinn och der Meenung, datt een dee Moment eng Weiderbildung muss proposéieren, déi een déi ganz Karriär iwwer ka maachen, fir sech ëmmer nees z'adaptéieren par Rapport zu neie Gesetzer, zu neie Momenter. Dat heescht ee Joer Stage an dann awer e lifelong-learning, eng Weiderbildung während der ganzer Karriär."

Aktuell gëtt jo vill iwwert déi sougenannt 80/80/90-Regelung diskutéiert. D'Leit, déi als Stagiaire beim Staat ufänken, kréien déi éischt zwee Joer 80 Prozent vun der Ugangspaie an dat drëtt Joer 90 %. D'Gewerkschaft CGFP hätt gären, dass dat erëm ofgeschaaft gëtt, an direkt 100 Prozent bezuelt ginn, well de Stage vun 3 Joer net reforméiert gi wier. Wéi vill d'Leit herno solle verdéngen, wann de Stage op 1 Joer géif erof gesat ginn, misst der DP-Parteipresidentin no mat der Staatsbeamtegewerkschaft gekläert ginn. Et hätt een elo keng fest Meenung dozou.

AUDIO: D'Corinne Cahen
VIDEO: Corinne Cahen: Stageszäit vun 3 op 1 Joer reduzéieren
D'Parteipresidentin Corinne Cahen huet am RTL-Interview gesot, datt d'DP sech fir eng méi kuerz Stageszäit an der Fonction public géif asetzen.

Reaktiounen op de soziale Medien no der Ukënnegung vum Corinne Cahen

Den zoustännege Minister Dan Kersch huet kuerz no dëser Annonce op Facebook reagéiert. Hie géif sech freeën, dass neierdéngs Kollegen a Kolleginnen aus der Regierung, seng Positioun fir e offensive Bilan ze zéie vun der Reform an der Fonction Publique, och ëffentlech deelen.
"Mir sollten de Courage hunn, zesumme mat den Sozialpartner, dat bäizebehalen wat gutt ass, an dat ofzeschafen wat éischter kontraproduktiv ass", schreift de Minister vun der Fonction Publique. Domadder géif ee sech och un dat halen, wat hien 2015 an der Chamber versprach hat.
Dozou géif och eng kritesch Analyse iwwert Dauer vum Stage an iwwert déi faméis 80/80/90 Reegelung zielen, déi haaptsächlech jonk Leit betrëfft.
Am selwechte Kontext, misst een dem Dan Kersch no, de Courage hunn, d'Kannergeld erëm un den Index ze adaptéieren, an domat d’Kafkraaft vu jonke Familljen stäerken.

Och de fréiere Generalsekretär vun der DP, de Marc Ruppert huet reagéiert, dëst op Twitter.