D’Leit ginn ëmmer méi al, Lëtzebuerg gëtt ëmmer méi al. D’UEL, d’Unioun vun de Lëtzebuerger Betriber, wënscht sech dowéinst méi Senioren am Beruffsliewen.

Zu Lëtzebuerg géif emol net all Zweeten tëscht 55 a 64 Joer schaffen. An den OECD-Länner wären et bal 70 Prozent. Déi Situatioun kéint net sou weidergoen a wär e grousse Verloscht fir d’Beruffswelt.

D’UEL huet eng Enquête bei hire Memberen duerchféiere gelooss. Et misst ee Virurteeler beim Rekrutement iwwerwannen. Dacks géif gemengt ginn, eeler Salariéeë wären ëmmer méi deier a wéilte Féierungspositiounen. Mä d’Seniore géifen déi net ëmmer ustriewen a kéinte bei hire Pai-Virstellungen och méi moderat sinn, schreift d’UEL.

Eeler Mataarbechter géifen dacks net genuch geschätzt ginn. Si wären awer besonnesch zouverlässeg a géife fir Stabilitéit stoen.