Phishing
CNS warnt viru gefälschte Mailen

© Shutterstock/MMD Creative
Wéi d'CNS en Donneschdeg matdeelt, zirkuléieren den Ament gefälscht Mailen, bei deene sech d'Ofsender als Gesondheetskeess ausginn.
Onéierlecher géifen dobäi de Logo vun der CNS benotzen an d'Maile géifen dowéinst ganz authentesch wierken.
Et soll een duebel oppassen an ëmmer a systematesch iwwerpréiwen, ob déi Messagen, déi ee kritt, echt sinn, warnt d’Gesondheetskeess, ier ee se uklickt oder perséinlech Donnée weidergëtt.

© CNS
Am meeschte gelies