No de sëllege Fäll vu Cyberkriminalitéit aus de leschte Méint ware sech d'Membere vun der Finanzkommissioun eens: d'Protektioun soll verbessert ginn.

Protektioun géint Cyberkriminalitéit / Reportage: François Aulner

Sollen d'Leit 24 op 7 kënnen e verdächtege Virement réckgängeg maachen? Sollen digital Zertifikater ewéi Luxtrust méi Sécherheetsstufe kréien? Sollen Affer vun enger Fraude Suen zeréckzekréien?

Dat alles si Froe respektiv Pisten, mat deene sech d'Finanzkommissioun an der Chamber zäitno wäert beschäftegen. D'Deputéiert an de Finanzminister hunn dat no engem Debat an der Chamber e Mëttwoch de Mëtteg decidéiert.

Fir d’Affer vum Bedruch mam falschen Internetsite vun der BIL dëse Summer gouf et Matgefill vun de Politiker. Ob hinne gehollef gëtt, wier an den Hänn vun der Justiz.

D'Regierung an d’Chamber wëllen elo Cyberkriminalitéit esouwäit et geet méi ferm bekämpfen an d'Affer besser schützen.

Helpline, Luxtrust, Police a Justiz

Ewéi d'Police, d'Banken an RTL ëfters rappelléiere gëtt et jo d'Nummer 491010 fir 24 op 7 säi Konto, seng Kaart oder säi Luxtrust-Zertifikat ze spären. Den LSAP-Deputéierte Ben Polidori sot dozou: "Mir hunn awer näischt fir d'Leit ze begleeden am Fall vun engem Problem."

D'Telefonsnummer respektiv de Service missten a sengen Aen ausgebaut ginn.

Säi fréiere Parteikolleeg, de Piraten-Deputéierte Marc Goergen, huet a Saache Luxtrust méi potentiell Sécherheete recommandéiert. Am Ausland géingen eenzel Banke bei méi héije Virementen zum Beispill nieft dem Face-ID och nach froen, datt de Client e Selfie schéckt. Jo, esou Mesure wieren Obstakelen, mee duerno wieren d'Suen awer sécher.

De Finanzminister Gilles Roth huet den Deputéierte Recht ginn a sot, et misst een déi Pisten an der Finanzkommissioun a mat de respektiven Acteure verdéiwen. Hien huet och dem Deputéierte vun déi Lénk David Wagner Recht ginn, nodeems dëse sot, d'Immunitéit géing d’Krimineller encouragéieren: Cyberkriminalitéit wier kee Kavaléiersdelikt.

D'Police a Justiz, dorënner d'Cellule de Renseignement Financier (CRF), missten d'Moyenen hunn, fir mat der "néideger Sachkenntnis" esou Fäll "séier" kënnen opzedecken.

Remboursement fir Affer

Fir d’Leit net méi a Ree stoen ze loossen, wa vun ëmmer méi an ëmmer méi raffinéierte Cyber-Frauden Affer ginn, huet de Marc Goergen e Garantie-Fong proposéiert, deen d'Leit bis zu 100.000 Euro deckt (esou ewéi et fir Depote bei Faillite vu Banken de Fall ass). De Finanzminister huet op d'drëtt PSD- oder Bezuel-Systemer-Direktive (déi nach op EU-Niveau verhandelt gëtt) higewisen, déi Remboursementer virgesäit, ausser d’Affer war wierklech noléisseg.

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup huet ze bedenke ginn, datt wann ee bei engem Abroch doheem Sue geklaut kritt, een dës awer och net zeréckritt.

All d'Parteie ware sech am Debat eens: mat der Digitaliséierung geet alles méi séier. Dat hätt Virdeeler, mee géing awer besonnesch an Zukunft mat der kënschtlecher Intelligenz d'Gefor, beduckst ze ginn, verstäerken. All hu méi Sensibiliséierung proposéiert, méi Moyene fir d'Autoritéiten, méi Zesummenaarbecht tëscht allen Acteuren an iwwert d'Grenzen eraus, méi Verantwortung vun den Telekommunikatiounsoperateuren a méi sécher Mechanisme bei de Banken.

Alles net just fir de Schutz vun de Leit, mee och fir de Ruff vun der Finanzplaz.