E Mëttwoch am Nomëtteg koum et op der Schanz zu Altréier zu engem Abroch an en Haus.

Wéi et am Bulletin vun der Police heescht, sinn d'Täter duerno mat engem Gefier a Richtung Jonglënster geflücht. Si konnten allerdéngs op der A7 tëschent der Jonctioun Gréngewald an dem Waldhaff gestoppt ginn. Et huet sech bei de flüchtegen Täter ëm dräi Mineure gehandelt, esou d'Police weider. Déi beim Abroch geklaute Géigestänn wéi och de Fluchtauto goufen op Uerder vum Parquet saiséiert an déi dräi Verdächteg koumen an eng entspriechend Struktur fir Mannerjäreger.

E Mëttwochowend koum et iwwerdeems zu engem Iwwerfall an der Rue John Ernest Dolibois zu Déifferdeng, wou en Täter enger Fra mat Gewalt hir Poche ofgeholl huet. Hien ass nom Déifstall geflücht, eng Sich no him hat bis ewell kee Succès.