Halsdorf a Schneider, zwee Minister hu sech bis elo d'Zänn un där Reform ausgebass. An dobäi soll et bleiwen.

Mat deene Wieder huet d'Police-Syndikat SNPGL de Freideg de Moien de momentane Stand vun der Police-Reform kommentéiert.
E Méindeg den Owend ass d'Generalversammlung vun der Police-Gewerkschaft, wou et awer nawell héich dierft hiergoen. Och wann d'Reform zwar batter néideg ass an och eenzel Verbesserunge fir Brigadieren an Inspektere wäert mat sech bréngen, sou feelt et virun allem awer un Detailer, wat d'Reform konkret fir d'Polizisten bedeit.

Et geet dobäi ëm déi ominéis groussherzoglech Reglementer, déi d'Gesetz virgesäit, seet den SNPGL-President Pascal Ricquier. Hien ass och der Meenung, dass et bei dësen Ëmsetzungen nach vill Diskussiounen a Sträit wäert ginn, well kee genau weess, wéi déi gemaach ginn.

AUDIO: SNPGL-President Pascal Ricquier iwwer d'Ëmsetzung

De Pascal Ricquier widdersprécht och der Staatssekretärin Françine Closener, déi dës Woch bei eis op der Antenn sot, dass d'Reform géif mat sech bréngen, dass d'Poliziste wéissten, wat hir Missioune sinn.

AUDIO: SNPGL-President Pascal Ricquier iwwer d'Onsécherheet

D'Leit wéissten net genau, wat mat hinne geschitt op de verschiddene Plazen. A genee dat wieren Zoustänn, déi am Kader vun enger Reform absolut net ze acceptéiere wieren, seet d'SNPGL.

Plazen, déi op klenge Commissatiats de proximité ausgeschriwwe goufen, wieren net besat ginn. Keen een hätt sech op sou eng Plaz gemellt. Well d'Leit net wëssen, wat mat hinnen do geschitt., sou de President vum SNPGL.

Méi am Detail huet d'Gewerkschaft op eng ganz Rei Kapitel vun der Reform reagéiert: vun der Carrière vun de Brigadier, iwwert d'Organisatioun vum Stage, dem Zougang zur Police Judiciaire, bis d'Organisatioun vun der Police Administrative, déi um Niveau vun der Preventioun schaffe soll.

D'Police misst ewech vum Offizéiesch-Denken, eriwwer bei e modernen Management. Hei géing et ëm d'Sécherheet vum Land a senge Bierger.

D'Fuerderung un déi zoustänneg Ministèren an och un d'Police-Direktioun sinn deemno kloer, et wëll ee sou séier, wéi méiglech Abléck kréien an déi groussherzoglech Reglementer, déi d'Ëmsetze vun der Reform am Endeffekt reegelen.