Iwwert de Klimafong bedeelegt d'Regierung sech um Finanzement vun diversen Ëmweltprojeten.

D'Associatioun Etika hat op eng Konferenz invitéiert, wou dräi där Projete virgestallt goufen. Allen Dräi wëlle se op hir Manéier an op verschiddene Plazen op der Welt de Bësch nees nei beliewen, fir den Awunner ze hëllefen.

2008 war d'Vroni Fischbach privat am Costa Rica. Am sougenannte ''Reebësch vun den Éisträicher'' huet si d'Tropenstatioun LaGamba entdeckt, wou zanter méi wéi 20 Joer Fuerscher vun der Universitéit Wien aktiv sinn. D'Vroni Fischbach wollt hëllefen, an huet de Projet rainforest.lu gegrënnt, fir Suen ze sammelen. Privat iwwer Donen an iwwert den Ëmweltministère: 300.000 Euro iwwer 3 Joer fir den neiste Projet mam Numm COBIGA. Zwee Bëscher sollen duerch e biologesche Korridor nees matenee verbonne ginn. D'Vroni Fischbach erkläert.

''Korridor heescht, dass mir duerch landwirtschaftlech genotzt Gebitt nees Beem planzen, déi aus der Géigend sinn. Domat schafe mir e Korridor fir Déieren a Planzen, fir sech genetesch auszetauschen.''

Doduerch gëtt CO2 gebonnen, an och d'Awunner aus der Regioun ginn um Projet bedeelegt. Deiersten Deel vum Projet: d'Terraine kafen. D'Vroni Fischbach:

''Déi Sue ginn op Costa Rica bei d'Tropestatioun. Déi keeft d'Grondstéck a si bleiwen och de Proprietär. Do hëlleft d'Gesetzgebung vu Costa Rica. Wann do nees bis neie Bësch ass, dann däerf kee méi déi Beem haen.''

En nohaltegt Investissement an d'Ëmwelt also. Dat ass och d'Zil vum Sena Afeto. Deen e Projet am Togo presentéiert huet, engem Land, dat vum Klimawandel ferm betraff ass. D'Bëscher leiden, d'Baachen a Flëss verdréchnen. De Sena Afeto vun der ASTM.

''Et gëtt eng Drénglechkeet, fir séier z'agéieren, fir d'Verschwanne vum Bësch ze stoppen, fir dass den ekologesche System an d'Biodiversitéit an deenen Zonen nees zu aler Stäerkt fannen.''

Am Juni zejoert lancéiert, stécht de Projet nach an de Kannerschong. An den Stephane Van Haute huet nach méi en frësche Projet virgestallt. Eng lëtzebuergesch-bangladeschesch Kooperatioun vun der ONG Friendship. Matzen an de Mangroven. De Stephane Van Haute vun Friendship:

''D'Iddi ass fir d'Zonë laanscht Flëss ze reamenagéieren, fir Ekosystemer ze bilden, déi d'Ëmwelt schützen. Et ass nämlech eng Regioun, déi dem Klimawandel extrem exposéiert ass.''

Dräi ganz verschidde Projete mam selwechten Zil. D'Liewen zeréck an de Bësch bréngen.