De Grond ass Asbest, deen am Gebai ass. Et soll eréischt ofgerappt ginn, wann dat neit Südspidol fäerdeg ass.

Den Essentiel schreift dat an zitéiert den Dr. Hansjörg Reimer, Generaldirekter vum CHEM.

Déi 3 CHEM-Standuerter vun Esch, Nidderkuer an Diddeleng gi jo zesumme geluecht, fir dat neit Spidol, dat an d'Géigend vum Rondpoint Raemerech kënnt.

Enn 2024/Ugangs 2025 soll d'Spidol zu Nidderkuer ofgerappt ginn an eppes Neits soll entstoen.

Wat genee dann op de Site zu Nidderkuer kënnt, ass nach onkloer. En ëmweltmedezineschen Zentrum ass am Gespréich, och eng Crèche an en Altersheem kéinten heihinner kommen.