De leschte Weekend war déi allerlescht Visitt guidée an de Katakombe vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.

Et si Maueren aus dem 17. Joerhonnert, déi Geschichten erzielen, wuertwiertlech. Et geet rieds vun deene Maueren, déi de Moment nach ee puer Wochen a Méint d’Nationalbibliothéik beherbergen, an déi an d’Zukunft eng nei Funktioun wäerte kréien. Wéi eng ass awer nach net gewosst.

45 Joer laang war d’Nationalbibliothéik nieft der Kathedrale am fréieren Athenée ënnerbruecht, vum 1. Abrëll u gëtt awer ugefaangen, déi 1,8 Milliounen Dokumenter op de Kierchbierg an déi nei Gebailechkeeten ze transferéieren. Fir d’éischt ginn d’Magasénger gefëllt ier, da Mëtt Abrëll déi éischt Bicher an déi nei Liessäll bruecht ginn, eng Mammut-Plënneraktioun. Ma virun där war nach e Samschdeg déi leschte Visitt guidée duerch déi al Nationalbibliothéik um Boulevard Roosevelt. Eng lescht Geleeënheet, fir an d’Geschicht vun der Bibliothéik an dem Gebai selwer anzedauchen.

AUDIO: Déi al Nationalbibliothéik / Reportage Nadine Gautier

2 Stonne laang goung et queesch duerch d’Gebai, Trappen erop, Trappen erof, mam Pascal Nicolay, deen elo schonns 25 Joer laang an der Nationalbibliothéik schafft. Mat Passioun, enger Grëtz Witz a ganz villen interessanten Anekdoten huet hien de ronn 40 Visiteuren ee Bléck an déi fréier Zäite ginn. Zanter 1973 huet d’Nationalbibliothéik am fréieren Athenée um Boulevard Roosevelt säi Sëtz fonnt. Ënnert der däitscher Occupatioun, war am Keller ee Loftschutzraum installéiert ginn. Ee Raum, wou net jidder’een hikënnt.

Et duerf een déi technesch Installatiounen, déi eng Bibliothéik brauch, net ënnerschätzen.

D’Zeien aus de Vergaangenen Zäite sinn iwwerall ze gesinn. Déi Däitsch hunn zum Beispill op de Maueren: "Trinkwasser" a "Rauchen verboten" geschriwwen. Uewen um Späicher da sinn et déi al hëlze Poutren, déi hir Geschicht erzielen.

Déi sinn aus der Zäit vun de Jesuiten. Et ass och elo de Moment, fir vun der Sécherheet ze schwätzen. Lo sot dir: déi brenne gutt. Mä et duerf ee net mengen: Stol schmëlzt bei 1.500 Grad an déi Poutren aus Holz, wa se da gutt gemaach sinn, hale méi laang aus.

Wéi d'Gebai an de 60er Jore renovéiert gouf, huet och keen u Sprinkleranlage geduecht. An dëst gouf eng Kéier ganz kriddeleg.

D’Stater Pompjeeë si bannent 5 Minutten, hei wann et brennt. Dat huet och 1985 geklappt, wéi den Tuerm vun der Kathedrale gebrannt huet. Glécklecherweis ass den Tuerm an de Bannenhaff gefall. Stellt iech fir, e wier e puer Meter op d’Säit gefall, da wier en an de Fonds ancien gefall, dat wier ee flott Feier ginn.

Um Späicher vun der BNL, stinn al Bicher, déi vu virun 1801 sinn. Eng Rei dovunner misste restauréiert ginn, eppes, wat an Zukunft soll an Ugrëff geholl ginn. A nach eppes fält op: Iwwerall stinn an den Ecker Banannekëschten, et ass ee matzen am Plënneren. Ma bei Banannekëschte heescht et oppassen.

D'Pestiziden an de Banannekëschten, déi vun der Bananne an de Pabeier iwwerginn, kënnen och an d'Bicher goen, dofir sinn dës, och net doheem, ni eng Laangzäitléisung.

Net a Banannekëschten, mä a Coffre forten, huet d’Bibliothéik da seng gréisste Schätz verstoppt an erhalen. Manuskripter aus den Abteie vun Iechternach a Saint Hubert. Dat eelste Schreiwes kënnt och aus där Zäit.

U sech ass dat allereelsten Dokument aus dem 8 Joerhonnert, dat ass een handgeschriwwent Stéck aus engem Gebiedsbuch, wat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut.

D’Nationalbibliothéik sammelt net nëmme literaresch a wëssenschaftlech Wierker, ma och Telefonsbicher. Dat eelsten ass vun 1932. Een Telefonsbuch aus de 50er Jore ka méi wäertvoll sinn, well dat gehäit all Mënsch ewech. Mä wann ee wëll kucken, wien an de 50iger Joren een Telefonsuschloss hat, ass ee frou, wann en eent huet.

An de 90er Jore war schonn iwwert een neit Gebai fir d’Nationalbibliothéik nogeduecht ginn. Deemools awer mat der Iddi, fir d’Haus nieft der Kathedral als Haaptsëtz bäizebehalen. Um Kierchbierg sollt just eng grouss Annexe entstoen. Aus där Iddi ass jo bekanntlech näischt ginn. Elo gëtt déi nächste Wochen de ganze Besëtz vun der Bibliothéik op der Kierchbierg geplënnert.

D’Reaktioune vun de Leit no der Visitt guidée war dann och queesch duerch d'Reie ganz positiv.

AUDIO: Reaktioun vun de Leit

Iwwregens si bei de 6 Visitten, déi an de leschte Wochen am Kader vun der Plënneraktioun organiséiert goufen, 150 Leit passéiert.

Biller iwwert déi allerleschter Visitt duerch déi al Nationalbibliothéik gesitt dir e Méindeg den Owend op der Televisioun. Do geet et dann ëm déi verbueden Dokumenter an och iwwert Telefonsbicher, well och déi hunn hiren historesche Wäert.