
D’Sécurité routière kritt méi Sue vum Staat. Scho virun zwou Wochen huet d’ASBL, déi sech fir méi Stroossesécherheet asetzt mam Mobilitéitsministère eng nei Konventioun ënnerschriwwen. Déi gouf fir dëst Joer ëm 75.000 op elo 200.000 € gehéicht.
An Abrëll d’lescht Joer hat de President vun der Sécurité routière Paul Hammelmann hei op der Antenn en Appell un de Staat lancéiert, well hiren Haaptsponsor, nämlech den Daachverband vun den Assurance-Gesellschaften ACA annoncéiert hat, sech vun dësem Joer u finanziell zeréckzezéien.