Iwwer de Grand-Duc JeanDe Grand-Duc Henri an den Ierfgroussherzog Guillaume

RTL Lëtzebuerg
En Extrait aus engem Interview aus dem Joer 2014 zu Colmer-Bierg.
VIDEO: Grand-Duc Henri an Ierfgr. Guillaume iwwer de Grand-Duc Jean
De Grand-Duc Henri an den Ierfgroussherzog Guillaume de 25. Juni 2014 zu Colmer-Bierg am Interview.

Am Gespréich huet de Grand-Duc Henri iwwer säi Papp an den Ierfgroussherzog Guillaume huet iwwer säi Bopa geschwat.

Hei driwwer deen Auszuch aus dem Gespréich als Erënnerung un de verstuerwene Staatschef.

Renovatioun vum Palais an der Chamber

Wärend sengem laange Reigne goufen et natierlech vill Héichpunkte fir de Grand-Duc Jean, positiver, mee och negativ Amenter.

Sécher eent vun de flotten Erliefnesser war, wéi de Palais an d’Chamber an de 90ger Jore renovéiert goufen.

1993 war d’Renovatioun vun der Fassad vum Palais ofgeschloss. Dobäi war och den RTL-Mikro an hei huet de Grand-Duc Jean eisem Journalist virum Gebai um Krautmaart ee vun de ganz seelenen Interviewe ginn.

De Grand-Duc Jean bei der Renovatioun am Joer 1993

Back to Top
CIM LOGO