Iwwerpréiwung vum System nodeems Geld ënnerschloe gouf

Déi 2 Beschëllegt hate systematesch Dokters-Rechnungen aus dem Ausland gefälscht.
Nodeems de 4. Februar bekannt gouf, datt 2 Mataarbechter vun der Gesondheetskeess zwou Milliounen Euro ënnerschloen hunn, gouf eng konsequent Iwwerpréiwung vum System versprach. Gutt 3 Méint an iwwert 100 Millioune kontrolléiert Dokumenter méi spéit gouf haut d'Resultater an d'Mesuren an der Aarbechts Kommissioun an der Chamber vun der CNS virgestallt.
Déi 2 Beschëllegt hate systematesch Dokters-Rechnungen aus dem Ausland gefälscht. Et géifen awer keng Unzeechen dofir ginn datt béid Acteuren zesumme geschafft hätten.
Dës sollen och déi eenzeg Fäll vu Bedruch innerhalb vun der CNS gewiescht sinn, dat bestätegt Price Waterhouse Coopers an enger Analyse vun 100 Milliounen Dokumenter an no 3000 Stonnen Aarbecht. An e puer dausend Dossiere wieren Onreegelméissegkeeten opgetaucht, ma just a 400 soll et effektiv zu Verontreiung vu Sue komm sinn. Dës Dossiere goufen awer direkt mat den 2 Beschëllegten a Verbindung bruecht, esou Sozial Minister Romain Schneider.
„Iwwert déi 10 Joer bedeit dat; an et soll een et net erofspillen, déi 2 Millioune sinn ze vill Suen, et ass och ganz kloer en kriminellen Akt, mä par Rapport zum ganze Volume sinn et 0,005% vun der ganzer Zomm. Dat ass minimal.“
Et dierft een all déi aner déi propper schaffen awer elo net an een Dëppe geheien esou nach de Minister. 500.000 Euro huet den Audit kascht. Weider Käschte sollen nach op d'CNS duerkommen. Och punkto Personal soll ausgebaut ginn, esou den CNS-President Christian Oberlé.
„Mir hunn zousätzlech Ressourcë gefrot. Net nëmme wéinst dem Kontroll, mä d'Gesondheetskeess ass enorm gewuess. Punkto Personal ware mer villäicht e bësse gäizeg mat eis sëlwer. Do hunn mer elo no Hëllef gefrot.“
Éischt Prezis Mesurë géint Fuddele goufe schonns geholl. Bei Beträg vun iwwer 2.000 Euro muss de Chef driwwer kucken. 2 Persoune kucken elo iwwert déi eenzel Dossieren an et koum zu interne Weiderbildung. Weider gëtt awer nach fir d'Zukunft ausgebaut.
„Mir hunn en Auditeur-intern zanter Abrëll 2018. Deen ass lues an lues opgebaut ginn. Och déi Zäit schonn. Deen Auditeur kritt elo eng Missioun vun 1 ½ Joer wou en soll en Kontroll System mat eise Mataarbechter en Place setzen. Do loosse mer eis och begleede vun engem Büro vu baussen déi Erfarung matbréngen, datt dës Solutioun esou effikass ewéi méiglech ass.“
Weider soll an den nächsten 3 Joer mat der Digitaliséierung d'Personal bei der Gesondheetskeess weider entlaascht ginn an en neie System agefouert ginn.
Ma et wier komesch heescht et vun der gréisster Oppositioun datt weder den Audit d'lescht Joer, nach de „Service abus et fraude“ dëse Potential fir Bedruch erkannt hätten.