D’Affär "Geheime Casier" geet mat zwee oppene Bréiwer vum Maître Vogel un de Justiz- an un de Policeminister an eng nächst Etapp.

A sengem Schreiwes un de Felix Braz präziséiert de Maître direkt emol, dass hien net den Affekot vum jonke Mann ass, deem seng Kandidatur fir eng Plaz um Parquet wéinst sengem Police-Fichier net zréckbehale gouf. Dee Fichier hätt scho laang virdrun existéiert. Wat hat dee Jugendleche mat grad emol 18 Joer eigentlech gestiicht, fir dass iwwer hien esou en Dossier opgemaach ginn ass, freet de Maître de Justizminister an zitt dorausser d’Conclusioun, dass ouni Zweiwel jidderee vun eis säi Fichier bei der Police huet, ouni awer un deen drunzekommen.

Gaston Vogel freet Extrait vun der Fiche mat sengem Numm

Als Justizminister hätt hien, de Felix Braz, dës extrem grave Realitéit wuel net erkannt oder vläicht wéilt hie se jo och net erkennen, steet am Oppene Bréif, andeem de Gaston Vogel dann och formell en Abléck a säi komplette Police-Fichier freet!

Oppene Bréif vum Maître Gaston Vogel un de Justizminister Felix Braz

Oppene Bréif vum Maître Gaston Vogel un de Policeminister François Bausch

E geheime Casier a keen Accès drop

Déi selwecht onmëssverständlech Demande geet un de Minister Bausch, de responsabele politeschen Uspriechpartner, wann et ëm eng Datebank bei der Police geet. Seng Fiche wéilt hie gesinn, e kompletten Extrait aus dem "Geheime Casier", dem Police-Fichier, op deem de Numm Gaston Vogel drop steet.

Mat engem accusé de réception respektiv onprezisen oder falschen Explikatioune gëtt hie sech net zefridden, esou de Message am Oppene Bréif un de Policeminister François Bausch.

Pirate wëllen Detailer

Nodeems RTL déi lescht Deeg iwwer de sougenannte "geheime Casier" bericht huet, fuerdert d'Piratepartei d'Regierung op, hir Responsabilitéiten ze huelen. D'Oppositiounspartei freet sech ënnert anerem, wéi eng Donnéeë vu Biergerinnen a Bierger an deem Ficher central vun der Police gespäichert ginn. D'Pirate schwätze sech explizit fir de Schutz vun der Privatsphär, e Recht op d'Vergiessen an eng transparent Opklärung aus.

D'Kommunikatioun vun der Piratepartei Lëtzebuerg:

P'Piratepartei fuerdert d'Regierung op am Dossier "Geheime Casier" hir Responsabilitéit ze huelen. Den Dossier "Geheime Casier" werft Froen ob. Fir d'Piratepartei bleift bis well onkloer wéi eng Donnéeën am "Fichier central" vun der Police iwwert d'Biergerinnen a Bierger gespäichert ginn. D'Piratepartei sprécht sech explizit fir den Schutz vun der Privatsphär, e Recht op Vergiessen an eng transparent Opklärung aus. D'Regierung ass invitéiert am Dossier "Geheime Casier" hir Responsabilitéit ze huelen. Mir Piraten lehnen all Form vun Iwwerwaachung vun éierleche Bierger a Biergerinnen konsequent of.