
Stëmmt et, datt staatlech Servicer Informatiounen iwwer d’Bierger a geheim Fichiere schreiwen, déi un e Casier judiciaire erënneren? Ginn et esou geheim Datebanken, iwwer déi de normale Bierger net Bescheed weess?
Dës Froe vum CSV-Deputéierte Laurent Mosar waren der Regierung lescht Woch ëmmerhin eng 3 Säite laang Äntwert wäert, déi um Enn nach méi Froen opwerft. D’CSV-Deputéiert sinn esou revoltéiert, datt se um Dënschdeg direkt nach Question urgente a Saache Casier Secret nogeschoss hunn.
De Laurent Mosar vun der CSV an de Roy Reding vun der adr hunn am RTL-Interview ënner anerem dovu geschwat, dass et hei ëm de Rechtsstaat geet an et keng Transparenz gëtt, dass dat muss geännert ginn an et net méi der Zäit entsprécht.