Keng richteg Fleegepolitik a kee Respekt fir Beruff
D'Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren huet e Freideg op eng Rëtsch Saachen higewisen, déi hirer Meenung no am Secteur schiflafen.
Méi Zäit mam Patient, eng Opwäertung vum Beruff, eng besser Representatioun an der Gesellschaft a méi Matsproocherecht an der Politik – dat fuerdert d’Associatioun vun den Infirmieren an Infirmièren. D’Anil wëll eng Opwäertung vum Beruff, fir der Penurie an deem Secteur entgéint ze wierken. Well et géif u Personal feelen, och wann d’Associatioun keng konkret Zuelen dozou huet. Mat 800 Membere representéiert d’Associatioun ronn zéng Prozent vun den zu Lëtzebuerg beschäftegten Infirmieren. Gewënscht gëtt sech eng richteg Fleegepolitik.
D’Anil proposéiert hei zum Beispill e spezifesche Posten an der Direction de la Santé beim Gesondheetsministère, dee fir d’Fleegepolitik zoustänneg ass an eng Ekipp vun op d’mannst dräi Persounen ënnert sech huet. D’Aarbecht vun den Infirmiere géif nämlech iwwert dat reng medezinescht erausgoen, esou d’Anil-Presidentin Anne-Marie Hanff:
"Wann d'Infirmière erakënnt a se gesäit, d'Sonn schéngt dem Patient an d'Aen, fir dann d'Riddoen erofzemaachen. Wann et waarm ass dobaussen, en äiskaalt Glas Waasser matzebréngen, dat dann einfach guttdeet. Dat si Saachen, do gëtt et keen Akt dofir, ausser vläicht 'Trinken und Essen'. Mä dat zeechent bei Wäitem net dat of, wat mer maachen. An dat ass eise Problem, datt de Finanzéierungssystem dat net mécht an dass, well de Finanzéierungssytem dat net mécht, mir selwer och ufänken ze mengen, dat wär net méi eise Rôle an dat wär e Luxus."
Dowéinst proposéiert d'Infirmiersassociatioun och eng Reform vun der Nomenklatur-Kommissioun, also deem Grupp an deem de Ministère, d'Gesondheetskeess an déi Professionell festleeën, wéi eng Leeschtunge rembourséiert ginn. Engersäits géif d'Anil hei systematesch iwwerstëmmt ginn - et géif een och iwwert eng Eidel-Stull-Politik, wéi d'Dokteschassociatioun AMMD se den Ament praktizéiert, nodenken. Anerersäits wier e Leeschtungskatalog net dat richtegt Instrument, ebe well net all Akt vun enger Infirmière ka quantifizéiert ginn.
Fir datt d’Uleie vum Fleegepersonal méi eescht geholl ginn, missten d’Infirmieren och an der Quadripartite vertruede sinn. Et missten iwwerdeems méi Karriärsméiglechkeete ginn, fir de Beruff méi attraktiv ze maachen, esou d’Anne-Marie Hanff:
"Dass ee konkret weess, ech hunn e Bachelor a wann ech e Master wëll maachen, maachen ech e Master, a wann ech herno wëll fuerschen, da kann ech fuersche goen, a wann ech wëll an d'Schoul goen, ginn ech an d'Schoul. Mä awer och Karriären um Bett erméiglechen, wat dat dann 'Infirmière de pratique avancée' wier, eng Infirmière, déi fënnef Joer mindestens Beruffserfarung huet an déi um Terrain wierklech probéiert, d'Fleegequalitéit ze verbesseren."
An deem Kader begréisst d'Anil d'Annonce vum LSAP-Gesondheetsminister Etienne Schneider, fir e Fleege-Bachelor zu Lëtzebuerg anzeféieren.