De Grand-Duc an d'Grande-Duchesse besichen all Joer den Dag virun Nationalfeierdag eng aner Plaz am Land.

E besonnesche Virowend vun Nationalfeierdag hunn dëse Samschdeg och d’Leit zu Buerschent erlieft. Et ass jo eng Traditioun, datt déi groussherzoglech Koppel all Joer eng aner Uertschaft am Land besicht. An dëst Joer ass d’Wiel op déi 1.700-Awunner Gemeng am Kanton Dikrech gefall, wou fir de Grand-Duc Henri an d’Grand-Duchesse Maria-Theresa d'Visitt vum Buerschenter-Schlass um Programm stoung.

VIDEO: Buerschent: Groussherzoglech Koppel op Visitt
All Joer zitt et de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse op eng aner Plaz am Land um Virowend vun Nationalfeierdag. Dëst Joer war Buerschent un der Rei.
AUDIO: Groussherzoglech Koppel zu Buergescht / Danielle Goergen