Dat soten déi Responsabel vum Parquet général op enger Pressekonferenz iwwert den Traitement vu perséinlechen Donnéeën op strofrechtlechem Plang.

AUDIO: Geheime Casier / Reportage Eric Ewald

Et hätt eng éischt Reegelung duerch e Gesetz vun 1979 ginn, ier dunn e groussherzoglecht Reglement vun 1988 koum, dat bis Enn 1990 valabel war. Vun Ufank 1991 bis Abrëll 1994 hätt dunn awer keng legal Basis bestanen! Aktuell géif d'Dateschutzgesetz vun zejoert spillen.

Am "Ju-Cha*" genannten Outil vun der Justiz géif et keng nominell Fichen oder Dossiere ginn, an et hätten eng 630 Persounen Accès dorop, woubäi net jiddereen Zougank zu allem hätt. Am Dossier, deen d'Geriicht kritt, léich just de Bulletin 1 vum Casier judiciaire an net de sougenannten Historique.

Vun 2-3 Joer no enger leschter Aschreiwung u ginn Notizen archivéiert, an deem "Ju-Cha" sti ronn 667.000 Persounen (woubäi eng Persoun méi wéi eng Kéier ka gezielt gi sinn) an et gëtt keen direkten informatesche Lien tëscht der Justiz an der Police, well een dat aus juristesche Grënn net wéilt, hunn déi Responsabel vum Parquet général betount.

Am Verlaf vun der Pressekonferenz ass de Procureur général d'Etat adjoint och op dee konkrete Fall agaangen, duerch déi déi ganz Diskussioun an d'Rulle koum. Et hätt een e Référendaire bibliothécaire mat engem CDD fir zwee Joer gesicht, sot de Jeannot Nies. Deen och erkläert huet, wéi dat Ganzt gelaf ass:

AUDIO: De Jeannot Nies mat Erklärungen

Déi 3 vun den am Ganzen 9 Kandidaten, déi um Enn erausgewielt goufen, wäre besser gewiescht wéi dee Mann, sou de Procureur général d'État adjoint, soudass d'Informatiounen iwwert hie keng Influenz gehat hätten op d'Decisioun, déi geholl gouf. Woubäi fir d'Procureure générale d'État Martine Solovieff d'Moralitéit vun de Kandidate fir e Posten an der Justiz méi wichteg wär wéi fir aner Verwaltungen.

*Ju-Cha = Justice-chaîne pénale