Dës Informatioun gouf een nom Besuch vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess an der Chamber-Finanzkommissioun en Dënschdeg gewuer.

D’Geldstrof vu 5 Milliounen Euro, déi d'Spuerkeess wéinst Schwaachstellen am Dispositif Anti-Blanchiment vun der Finanzopsiicht CSSF krut, wier ursprénglech "weesentlech" méi héich gewiescht. No engem Echange vu Positiounen tëscht der CSSF an der Bank ass d'Strof méi kleng ausgefall.

Amende vun CSSF géint Spuerkeess ursprénglech méi héich / Rep. Michèle Sinne

Gewuer gouf een och, datt eng Evaluatioun vun der Direktioun a vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess vun November no vir gezu gouf oder gëtt, an datt de Cabinet Oliver Wyman d’Auditfirma ass, déi iwwerpréift, ob d’staatlech Bank all d’Reegelen anhält.
 
D’Majoritéit, mee och d’politesch Oppositioun hu begréisst, datt d’Bank fënnef Joer, nodeems se eng éischte Kéier op d’Fangere geklappt krut, endlech den Eescht vun der Lag erkannt hätt.
 
Allerdéngs hu sech LSAP-Fraktiounscheffin Taina Bofferding an déi Gréng Deputéiert Sam Tanson gefrot, firwat d’Spuerkeess elo réischt reagéiert a se hu kritiséiert, datt d’Bank nach ëmmer keng Mat-Responsabilitéit fir d’Caritas-Fraude agesäit. Béid soten, de Verwaltungsrot hätt och vun Divergenze mat der Direktioun geschwat.
 
Den ADR-Deputéierten Tom Weidig, deen huet sech gefrot, firwat d’CSSF - nodeems se am Joer 2020 scho Schwaachstelle bei der Spuerkeess festgestallt hat - no engem Bréif vun der Bank keng Äntwert méi drop ginn hätt.
 
D’Presidentin vun der Kommissioun Diane Adehm (CSV) sot, alles wat gesot gi wier, misst "elo mol bei jidderengem e bësse sacken". Donieft géingen d’Deputéiert nach Dokumenter kréien, dorënner Procès-verbaux vum Verwaltungsrot vun der Spuerkeess.

"Keng Tabuen"

E Méindeg hat d’Chamber Finanzkommissioun schonn Echangë mat der Direktioun vun der Bank, mee och mam Premier Luc Frieden a mam Finanzminister Gilles Roth. Dee sot e Méindeg, et géing keng "Tabue" ginn, wann et ëm Konsequenze wéinst de Schwaachstelle bei der Spuerkeess geet.
 
Weder d’Direktioun vun der Bank, nach hire Verwaltungsrot wollten no de Kommissiounssëtzunge virun de Mikro. De President Camille Fohl sot awer, hie géing "zäitno" ëffentlech Erklärunge ginn.