"Mir si besser opgestallt wéi 2021"
Um Enn huet et méi gereent wéi een erwaart hat, seet de Marc Hans. Lokal gouf et de Phänomen vum sougenannte "Staarkreen".
Et wier een, esou de Fazit vun der Waasserverwaltung, verhältnesméisseg gutt duerch d’Evenementer komm. Am RTL-Interview huet de Marc Hans, Direkter vun der Waasserverwaltung, erkläert, firwat d’Schied dës Kéier limitéiert bliwwe sinn:
"Engersäits war et eng speziell Wiederkonstellatioun, wou d’Reenzellen net iwwerall gläichzäiteg erofkomm sinn. Anerersäits war de Buedem zwar fiicht, mee nach ëmmer opnahmefäeg. Doduerch konnt vill Waasser séier absorbéiert ginn.“
Léiere vum Héichwaasser vun 2021
Eng aner wichteg Erklärung: D’Lektiounen aus der Héichwaasserkatastroph vun 2021.
"Zanterhier gouf vill verbessert. D’Zesummenaarbecht tëscht de Servicer leeft méi enk, mir schaffen haut vill méi fréi anescht a koordinéiert zesummen. Och d’Gemengen hunn hir Konzepter adaptéiert a Schutzmoossnamen ëmgesat“, esou de Marc Hans.
Zu dëse Moossnamen zielen ënner anerem Renaturéierunge vu Flëss, lokal Schutzprojeten op Gemengenniveau, awer och individuell technesch Mesurë bei Privathaiser. Zousätzlech géif d’Waasserverwaltung besser informéieren an d’Populatioun sensibiliséieren.
Situatioun huet sech am Laf vum Dag stabiliséiert
Well d’Uelzecht gëschter Owend kritesch Peegelen erreecht hat, gouf eng Vigilance rouge erausginn. Mëttlerweil huet sech d’Situatioun awer entspaant:
"Zanter de Mëtteg gesi mir, datt d’Peegele stabel sinn oder esouguer zeréckginn. Mir wäerten d’Vigilance-Stufen no an no ophiewen."
"Eng méi waarm Welt ass eng méi naass Welt“
De Meteorolog Jörg Kachelmann huet um Dënschdeg op RTL Radio gesot, dass et duerch de Klimawandel méi dacks zu esou Phenomener wäert kommen.
Den Direkter vun der Waasserverwaltung gesäit dat änlech:
"Mir hunn d’lescht Joer dräimol eng Héichwaassersituatioun gehat, dat ass extrem vill. Déi staark Evenementer mat vill Reen a kuerzer Zäit wäerten nach zouhuelen. Mir mussen eis also nach besser opstellen."
Zu de geplangte Mesuren zielen Opfangbecken an eng besser Gesamtstrategie. Allerdéngs hätten esou Léisunge Grenzen.
"Wann immens vill Reen eroffält, leeft och en Opfangbaseng iergendwann iwwer. Et bleift also ëmmer e Puzzle aus ville Bausteng“.