Bei der ING sollen RTL-Informatiounen no 124 Leit entlooss ginn, dat iwwert e Sozialplang. D'Bankegewerkschaft ALEBA confirméiert dee Chiffer.

Eisen Informatiounen no wiere Posten aus dem sougenannte "Retail Banking" betraff, also dem Geschäft mat private Clienten. Wéini d’Negociatiounen iwwert de Sozialplang sollen ufänken, ass nach net gewosst.

D’ING hat am Mee d’lescht Joer annoncéiert, sech aus dem Retail-Geschäft zeréckzezéien a sech méi op de Private Banking an Wholesale ze konzentréieren, also de privaten Invest vu gréisseren Zommen an op d’Geschäftsclienten. Deemools hat d’ING d’Konte vun enge 50.000 Clienten zougemaach. D’lescht Joer hat d’Bank nach erkläert, keng Plazen ofbauen ze wëllen. Schonn d’lescht Joer hu bei der Bank manner Leit geschafft wéi dat Joer virdrun, nach 900 Leit. 2023 waren et der 948.
 
Déi hollännesch Bank huet am Juli och eng gréisser Well vun internationale Licenciementer annoncéiert. Am Ganze sollen eng 230 Poste gestrach ginn, allerdéngs éischter am Management am Firmen-Banking. Weider Prezisiounen, wou genee déi Poste solle gestrach ginn, gëtt et nach net. Hei war et d’Argument, d’Bank hätt ze vill Kaderposten, an et wéilt ee sech an engem schwierege makro-ekonomesche Kontext personell "reequilibréieren", andeems ee jonk Talenter unzitt.
 
E Bléck an de Joresrapport vun der Lëtzebuerger ING weist, dass de Gewënn am Joer 2024 ëm 38 Prozent agebrach ass, vu ronn 263 Milliounen op 163 Milliounen Euro. Duerch de Réckzuch aus dem Retail Banking sinn d’Revenuen aus dem Secteur ëm 14 Prozent gefall, op 48 Milliounen Euro. An och am Beräich Geschäftsclientë war d’Resultat 2024 manner héich wéi 2023, wat d’ING haaptsächlech mat méi schlechten Zënsen an engem Präisdrock vun de Clienten erkläert.

D’ING äntwert op Nofro, et kéint een d’Informatiounen zu de Licenciementer aktuell net confirméieren. D’Bank géif hir Strategie mat Accent op den "wholesale", also Geschäftsclienten a private Banking poursuivéieren. An deem Kader géif een déi nächst Woch kommunizéieren.

Bankegewerkschaft Aleba weist sech net iwwerrascht

No der Annonce vum leschte Joer hätt een sech erwaart, dass Licenciementer kommen, och wann deemools eppes anescht versprach gi war. Elo géif een dorop waarden, dass een offiziell vun der Bank informéiert gëtt, erkläert de Roberto Mendolia, President vun der Aleba. Am Kader vun engem eventuelle Sozialplang wier ee beméit, dass esou mann wéi méiglech Leit entlooss géinge ginn. No der offizieller Informatiounsphas géif et eng Consultatiouns-, an eréischt dono eng Négociatiounsphas. Déi géif maximal 15 Deeg daueren, a wann ee sech net eens géif, géif e Mediateur ageschalt ginn. En Zäitplang konnt d’Gewerkschaft nach net nennen.
 
Och den LCGB hofft, uganks nächster Woch iwwer d’Motiver vun de Licenciementer informéiert ze ginn. Wat d'Ursaachen dofir sinn, wéisst een deemno nach net, an och net, wéi eng Departementer betraff wieren, dat seet d’Maria-Helena Macedo, Member vum Direktiounscomité vum LCGB. Kloer wier awer, dass d’Bank sech eng nei Strategie ginn an eng Rëtsch Zerwisser an d’Ausland ausgelagert hätt, wou et méi bëlleg wier.

Et géif een sech ëm e Plan de maintien dans l’emploi beméien, fir esou vill Leit wéi méiglech an der Aarbecht ze halen, ma dat hei wier och eng Situatioun, wou d’Cliente vun der Bank sech Froe  stellen.