Serie 30 Joer Wëlldéierestatioun (3)4 Drop-Off-Plaze fir Wëlldéiere ginn et hei am Land

RTL Lëtzebuerg
An eiser Serie iwwer d'Wëlldéierestatioun, déi am September 30 Joer feiert, kucke mir op déi verschidden Aarbechte vun der Fleegestatioun.
© Nadine Gautier / RTL Radio Lëtzebuerg

Eng ganz wichteg Aarbecht ass, ugeschloen Déieren anzesammelen an op Diddeleng ze bréngen. An eng vun deenen, déi do mat Leif a Séil dobäi ass, ass zanter dräi Méint d’Liane Bonaria.

Serie Wëlldéierestatioun - Deel 3: Drop-Off-Plazen

All Méindeg fiert si queesch duerch d’Land, fir ze kucken, ob iergendeen en Déier an ee vun de 4 Opfaangcontainer, de sougenannten Drop-Offen zu Feelen, Klierf, Diddeleng oder Jonglënster geluecht huet. Dëst sinn Déieren, déi blesséiert sinn, déi fonnt goufen an Hëllef brauchen. D’Nadine Gautier huet déi engagéiert Déierefrënn begleet, fir d’Déieren an Nout ze retten.

Déi éischt Statioun féiert op Feelen, wou eng Flantermaus waart, déi eng Persoun do an engem Drop-Off-Container hannerlooss huet, deen do zanter dem Fréijoer 2018 installéiert gouf. 24 Stonnen op 24 kënnen do d’Leit d’Déieren, déi se fonnt hunn, ofleeën. Am Container selwer stinn eng ganz Partie Këschten. Kleng schwaarzer fir déi méi kleng Déieren, mä och grouss Hondskëschten, fir zum Beispill Wëllschwäin, kleng Rei oder Fiiss.

D'Liane Bonaria präziséiert: "Deen Ziedel, deen un de Këschten drunhänkt, sollen d'Leit ausfëllen. Et ass eng Fiche d'Enregistrement. Numm an Adress soll een drop schreiwen. Dat ass och, fir datt d'Leit informéiert ginn - wa se da wëllen - wéi et mat "hirem" Déier gaangen ass, nodeems et op Diddeleng bruecht gouf."

Op déi Ziedelen kënnen d’Leit och opschreiwen a wéi engen Zoustänn se d’Déiere fonnt hunn. Dat ass nämlech eng Hëllef bei der spéiderer Versuergung. Bal all Dag gëtt d’Wëlldéierstatioun kontaktéiert, well Leit eppes fonnt hunn.

"All Drop-Off huet säi spezifesche Code, fir eranzegoen. Dofir musse se op Diddeleng uruffen. An da weess een, datt een neit Déier do ass. D'Persoun, déi d'Flantermaus an de Container gesat huet, huet dat gemaach wéi et soll sinn. Si huet d'Flantermaus an eng extra Këscht gesat, an do den Deckel liicht opgelooss. Well et sech ëm ee nuetsaktiivt Déier handelt, loosse mir et och a Rou."

Ma ier et op Diddeleng zeréckgeet, goung et nach séier erop op Klierf, kucken, ob do och een Déier am Drop-Off souz. Déi drëtt a lescht Statioun: Jonglënster. Do war et eng Märel, déi d'Leit fonnt haten. Déi hat, wéi sech um Enn vum Dag zu Diddeleng erausstellt, just den Tommel duerch ee liichte Schädeltrauma, well se wuel widder eng Fënster geflu war. Et huet och net laang gedauert an d’Märel gouf nees an d’Natur gelooss. D’Zwerg-Fliedermaus dogéint war e bësse méi schlecht drun. Si war ganz schwaach an huet misste vun de Veterinären opgepäppelt ginn.

Den Iwwerbléck vun der Serie

Deel 1: Wéi koum et zu der Fleegestatioun fir Wëlldéieren zu Diddeleng? Deel 2: Benevoller ginn ëmmer gebraucht

Back to Top
CIM LOGO