E Gebai, dat dem Staat gehéiert an aus deem de Fonds du Logement soll Wunnengen zauberen. Klengt u sech einfach, ass et awer net! D’Schlass vun Eesebuer steet eidel, et reent eran an et freet ee sech, wéi et ka sinn, dass esou e Gebai, dat och nach Denkmal geschützt ass, vum Staat einfach verfale gelooss gëtt. Dat soll sech awer elo änneren. Zanter annerhallwem Joer ass neien Driff an dësem Projet. An d’Presidentin vum Fonds du Logement wëll bis Mäerz eng Baugeneemegung fir 14 Wunnengen ufroen. D’Monique Kater iwwer d’Responsabilitéit vum Staat vis-à-vis vun eisem Patrimoine.
D’Mauere vum Eeseber Schlass an der Gemeng Jonglënster stinn zënter de 1770er Joren, op der Ferraris-Kaart, déi d’Keeserin Maria Theresia vun Éisträich fir militäresch Zwecker zeechne gelooss hat. D’Schlass, dat fir d’éischt e Bauerenhaff, an dono vun 1902 bis 1992 e Klouschter war, gehéiert dem Staat, gouf 2009 ënner Denkmalschutz gestallt an dunn 10 Joer laang verfale gelooss. Bis de Proprietär, de Fonds du Logement, endlech de Projet Eeseber Schlass konnt relancéieren. 14 Wunnenge wäerten um Site entstoen, mat hannendrun engem grousse Park, deen d’Gemeng iwwerhëlt an deen dann op ass, fir jiddereen. De 6. Deel vun eiser Serie iwwer de Patrimoine weist, dass Denkmalschutz eleng um Pabeier, net vill wäert ass.