Matdenken, matdiskutéieren a matbestëmmenD'Sozialliberal Partei Lëtzebuerg hat op eng Pressekonferenz invitéiert

RTL Lëtzebuerg
Zënter gutt 1 Joer gëtt et d'SLPL, déi sozialliberal Partei Lëtzebuerg. E Samschdeg hat d’Partei d'Press an e Café zu Uewerkuer invitéiert.
Kongress vun der Sozialliberaler Partei Lëtzebuerg
Zënter gutt 1 Joer gëtt et d'SLPL, déi sozialliberal Partei Lëtzebuerg.

Do hunn déi 4 present Parteimembere virun engem Pressevertrieder nach emol déi politesch Prioritéiten a Visioune virgestallt.

Fir de President Ronald Mordiconi, deen och schonn de Grënner vun der Fräi ökologesch demokratescher Partei, kuerz FÖDP, war, eng Partei, déi antëscht opgeléist ass, geet et drëms, Fräiheet a Gläichberechtegung fir all Bierger ze garantéieren.

Zu Lëtzebuerg géif et haut nämlech keng etabléiert Partei méi ginn, déi nach verhandlungsfäeg wier a sech un de Sozialliberalismus géif halen, sou de Ronald Mordiconi.

Matdenken, matdiskutéieren a matbestëmmen, dat géif d'Politik vun der SLPL ausmaachen.

Back to Top
CIM LOGO