President vum Ieweschte Geriichtshaff"Mir mussen elo d'Loft aus dem Ganzen huelen", sou de Jean-Claude Wiwinius

Annick Goerens
"De Moment ass komm fir d'Loft aus dem Ganzen ze loossen an opzehalen, sech géigesäiteg ze kritiséieren", esou de Jean-Claude Wiwinius.
President vum Ieweschte Geriichtshaff
"De Moment ass komm fir d'Loft aus dem Ganzen ze loossen an opzehalen, sech géigesäiteg ze kritiséieren", esou de Jean-Claude Wiwinius.

„Mir wollten op kee Fall iergendwéi d'Gewaltentrennung a Fro stellen. Mir wollten op kee Fall iergendeen Drock ausüben. Ech géing soen, mir wollten och op kee Fall iergendeen aschüchteren.“ Dat sot um Mëttwoch de Moien de President vum Ieweschte Geriichtshaff Jean-Claude Wiwinius, deen zesumme mat der Procureur General d'Etat Martine Solovieff ee Bréif geschriwwen hat, deen dës Woch eng Debatt ronderëm d'Gewaltentrennung ausgeléist huet.

Reaktioun vum Jean-Claude Wiwinius - Rep. Annick Goerens

Et hätt een och net wëllen de Prinzip vun de Questions parlementaires a Fro stellen. Mä eng eenzeg Fro kritiséieren, wou e fréiere Greffier, deen an de 70er Jore fir d'Justiz geschafft huet, konfus Aussoe gemaach hätt.

De President vum Ieweschte Geriichthaff reagéiert
De Moment ass komm fir d'Loft aus dem Ganzen ze loossen an opzehalen sech géigesäiteg ze kritiséieren.

Dës parlamentaresch Fro hätt näischt méi ze di gehat mam Jucha, also mam geheime Casier an do hätt een och d'Gefill gehat, dass d'Fonctionnement vun der Justiz en cause gesat gouf, mä däitlech méi grav wär gewiescht, dass d'Integritéit vun der Procureur General en cause gesat gi wär.

De Jean-Claude Wiwinius: „Mir sinn der Meenung gewiescht, fir dat am Resumé ze soen, d'Parlamentarier hätten hiren Rôle iwwerschratt, si hätten op eise Pouvoir empietéiert. Si sinn duerno – op d'mannst déi, déi sech expriméiert hunn – si sinn duerno der Meenung gewiescht, mir hätten doropshin op hire Pouvoir empietéiert. Ech hunn an enger Zeitung gelies, et wier een Dialogue de sourds ginn doraus. Dat huet mer gutt gefall. Wann een dat e bëssi méi sportlech hëlt, géing ee soen, dass e Match Nul, 1-1. Vläicht e bësselche méi seriö an ech mengen, dat ass dat Wichtegst bei der ganzer Saach. Ech mengen, den Ament wier elo awer komm, fir aus dem Ganzen d'Loft erauszehuelen. Fir opzehalen, Ueleg op d'Feier ze schëdden a besonnesch fir opzehalen, sech lénks a riets ze kritiséieren. Wat denken d'Leit dobausse vun eis, wann déi héchste Vertrieder vun den Institutiounen sou matenee streiden. Dat mécht kee seriöen Androck.“

De Chamberpresident Fernand Etgen hätt gesot, et misst een d'Harmonie nees hierstellen tëscht de Pouvoiren an dat wär formidabel, fënnt och de President vum Ieweschte Geriichtshaff. Am Bréif selwer hätten si 2x d'Wuert „Harmonie“ gebraucht an dat kéint d'Justiz nëmme begréissen.

D'Gewaltentrennung wär elo een Thema an och dat wär ganz gutt a wichteg, dass driwwer géing geschwat ginn. D'Chamberkommissioun géing sech och zu dem Thema gesinn an do géing een natierlech och hoffen, dass een an d'Diskussioune géing mat agebonne ginn,sou nach de Jean-Claude Wiwinius

Back to Top
CIM LOGO