Op enger Konferenz vun Etika war et en Donneschdeg den Appell, fir d’Finanzwelt ze sozialiséieren.

"Greenwashing" (englesch fir gréngwäschen), dat ass behaapten, datt Produiten oder Geschäfter gréng oder nohalteg sinn, ouni awer ze beweisen, datt et wierklech gréng oder nohalteg ass.

D’ASBL "Etika" zesumme mat aneren ONGen haten en Donneschdeg op eng Konferenz hei zu Lëtzebuerg ageluede mam Titel: "Wéi kënnt een aus dem „greenwashing“ an dem „grénge Kapitalismus“ eraus?" An do war et den Opruff, d’Finanz – och déi Gréng – ze sozialiséieren.

Iwwerdeems Lëtzebuerg als eng vun de gréisste Finanzplazen op der Welt probéiert, gréng Finanz ze ënnerstëtzen, soen d’Chercheuse Lora Verheecke an déi fréier Banquière Aline Fares: "Haalt op mam Greenwashing!".

D’Aline Fares erkläert, datt d’Verméigen, déi elo an déi gréng Finanz géing investéiert ginn, op "Extraktioun" opgebaut gi wier. "Extraktioun vun der Äerd, Zerstéiere vun der Ëmwelt, Drock op d’Leit, soziale Misär an elo géing et duergoen, fir e klengen Deel vu sengem Kapital a sougenannt gréng Projeten ze stiechen?", freet d’Aline Fares.

Finanzmechanik

D’Finanz funktionéiert mechanesch: Kapital sicht Rentabilitéit. Rentabilitéit gëtt et duerch d’Schëpfung vu Ressourcen an Aarbecht. Gréng Finanz ass net d’Léisung, wa se nom selwechte Muster fiert a wann et finanziell Interessie sinn, déi bestëmmen, wat gréng ass, wat net an d’Aline Fares geet esou wäit ze froen: "Sinn all hyperkomplex an hyperzentraliséiert Technologië gréng? Oder Karbon-Kaptatiounszentren oder déi enorm Solaranlagen?"

Am Moment géing, wat gréng ass „haaptsächlech“ duerch ekonomesch Interessien a Kapital bestëmmt ginn. D’Aline Fares huet beispillsweis en Aktiounsgrupp „TCFD“  erwäänt, dee vum G20 geduecht gouf, fir Klimarisikoen ofzeweien a Rotschléi ze ginn. E Grupp, an deem awer quasi nëmme Vertrieder vu grousse Betriber sëtzen.

D’Aline Fares ënnerstëtzt och d'Iwwerleeunge vun Ekonomiste wéi den Thomas Piketty, déi fir eng nei Ëmverdeelung plädéieren. De Finanzsystem misst erëm vun der Allgemengheet kontrolléiert an d’Kapital ëmverdeelt ginn. Hat 2008 bis 2011 d‘Allgemengheet d’Kapital gerett, sou kéint bei der nächster Kris d’Kapital gezwonge ginn, d’Allgemengheet ze retten, sou déi fréier Banquière.