
Dat a Präsenz vum Chamberpresident Fernand Etgen, Premier Minister Xavier Bettel a Verdeedegungsminister François Bausch.
Op der traditioneller Mäertesfeier vun der Arméi e Mëttwoch krut den Adjudant-Chef John Lanser eng Verdéngschtmedaile, d'"Croix d'honneur et de mérite militaire en vermeil". Hie war schwéier blesséiert gi beim Accident am Februar am Waffelager um Waldhaff. D'Riedner hunn och un déi zwee Offizéier geduecht, déi deemools hiert Liewe gelooss hunn. De Kommandant vum Centre Militär Yves Kalmes huet der belscher Arméi Merci gesot, déi de Lëtzebuerger Service Deminage zanter dem déidlechen Accident ënnerstëtzt. Den Yves Kalmes huet dann och op d'Aktivitéite vun der Arméi am leschte Joer zeréckgekuckt.
Yves Kalmes:"Esou ware Lëtzebuerger Militär vun Enn 2018 bis elo an Australien, Amerika, Belsch, Däitschland, Frankräich, Finnland, Holland, Litauen, Norwegen, Polen a Schweden. A last but not least waren och 19 Militär a Friddensmissiounen am Mali an am Afghanistan am Asaz. Op nationalem Plang si besonnesch d'Asätz vun der Arméi am Kader vun der Schwéngspescht a vum Tornado am Südweste vum Land ervirzesträichen."
De Verdeedegungsminister François Bausch huet iwwerdeems betount, datt d'Arméi an Zukunft all Joer 30 zousätzlech Poste fir Militär a 15 fir Zivil dobäi kritt.
François Bausch:"Mir hunn eis och eng Strategie ginn, well d'Arméi gréisser Problemer huet, fir hir Poste kënnen ze besetzen. Mir kréien de Rekrutementsproblem net muer geléist, mä et geet drëms, fir déi wichteg Lächer, déi mer hunn, beim Rekrutement, datt mer déi gestoppt kréien. Eng wichteg Rekrutéierungsquell sinn och Fraen. Mir mussen eis méi verstäerkt an dee Bléckwénkel eraversetzen, och virun allem bei der Kommunikatioun musse mer op en Niveau kommen, datt mer bei der Kommunikatioun dofir suergen, datt mer méi Frae fir d'Arméi rekrutéiert kréien."
Esouwäit de grénge Verdeedegungsminister François Bausch e Mëttwoch am Kader vun der Mäertesfeier vun der Arméi.
3 Offizéier goufen och am Kader vun der Zeremonie fir hir Aarbecht geéiert, déi si am "Cycle de formation initiale" geleescht hunn.
L'armée célèbre la fête patronale Saint-Martin au Centre militaire (13.11.2019)
Communiqué par: état-major de l'armée En date du 13 novembre 2019, l'armée a célébré sa fête patronale Saint-Martin au Centre militaire à Diekirch en présence de Fernand Etgen, président de la Chambre des députés, Xavier Bettel, Premier ministre, ministre d'État et de François Bausch, Vice-Premier ministre, ministre de la Défense.
Xavier Bettel a remis la croix d'honneur et de mérite militaire en vermeil à l'adjudant-chef John Lanser, qui a été gravement blessé lors du tragique accident survenu au dépôt de Waldhof en février de cette année.
Dans son allocution, François Bausch a abordé les renforcements en personnel et les capacités militaires mises en service prochainement. Il a rappelé les missions à l'étranger et les soutiens fournis par l'armée à l'occasion des catastrophes naturelles récentes au Luxembourg. Il a remercié l'ensemble du personnel pour son engagement.
Dans le cadre de la cérémonie, le général Alain Duschène, chef d'état-major de l'armée, a décerné une épée d'honneur à trois militaires, un officier, un sous-officier et un caporal en guise de récompense pour l'excellente prestation lors de leur cycle de formation initiale respectif.