Datebanke bei der JustizSam Tanson: "Et gëtt definitiv legiferéiert"

RTL Lëtzebuerg
Et gëtt legiferéiert, fir den Ëmgang mat den Datebanke bei der Justiz kloer ze reegelen.
© RTL Archivbild

Dat sot d'Justizministesch Sam Tanson e Mëttwoch no hirer Entrevue an der zoustänneger Chamberkommissioun. Do hat si zesumme mat der Procureur General Martine Solovieff den Deputéierten eng Lëscht vu 74 Datebanken, virop de Ju-Cha-Fichier, presentéiert. D'Sam Tanson confirméiert:

"Et gëtt definitiv legiferéiert an zwar a verschiddene Beräicher, fir dass sech kloer legal Kadere gi ginn. Dat souwuel iwwer d'Zeréckgräifen op Datebanken an extrae Fäll , wéi och d'Gestioun vu verschiddenen Datebanken, wéi de Regëster vum Jugendschutz, wou - Stand haut - keng Dauer fir d'Konservéiere virgesinn ass. Mir missten eis do vill méi en enke Kader ginn. Si brauchen deen och, fir Decisioune kënnen ze huelen, well soss si si net am Kader vum Gesetz. Dat heescht mir hunn do nach eng Rëtsch Texter, déi mir musse schreiwen."

Déi gréisst Oppositiounspartei CSV begréisst dat, well och si nei Gesetzer fuerdert. Den Deputéierte Laurent Mosar huet no der Sëtzung awer och drun erënnert, dass am Abrëll nach vun 2 Datebanke rieds war. Elo sinn et der 74. De Laurent Mosar huet d'Aart a Weis, wéi ënnert der neier Ministesch Sam Tanson op dësem Dossier geschafft gëtt, begréisst:

"Soss huet ee praktesch ëmmer misse mam Helm an d'Kommissioun kommen. Elo ass awer eng ganz aner Disponibilitéit do, bei der Ministesch a bei der Procureur général. Et sinn eng ganz Rei vun Demarche gemaach ginn. Mir gesinn also, dass et an déi richteg Richtung geet. Et ginn awer nach eng ganz Rei vu Froen. Ech widderhuelen nach eng Kéier dat, wat mir och ëmmer beim Fichier Central vun der Police soen. D'Acquittementen, d'Non-lieuxen an d'Classement sans suite, do muss ee wierklech Léisunge fannen, dass déi aus deene Fichieren erauskommen."

Den Dossier iwwert d'Datebanke bei der Justiz an och bei der Police dierft d'Politik nach iwwer Jore beschäftegen, esou den CSV-Deputéierten. Et géif een och gespaant op déi zwee Avise vun der Kontrollautoritéit a vun der Dateschutzkommissioun waarden, déi d'Ministesch an Optrag ginn hat.

Back to Top
CIM LOGO