Iwwer d'Situatioun ronderëm d'Kriminalitéit am Garer Quartier ass déi lescht Méint vill geschwat ginn.

Op Drock vun de Bierger huet d'Politik reagéiert a méi Polizisten op den Terrain geschéckt. D'Situatioun hätt sech verbessert, de Problem awer verlagert.
Viru bal 2 Méint gouf an der Emissioun Kloertext iwwert d'Drogeproblematik am Garer Quartier diskutéiert. Zanterhier huet d'Politik decidéiert, d'Police-Präsens am Quartier eropzesetzen. Eng RTL-Ekipp war elo viru Kuerzem eng ganz Nuetsschicht mat de Poliziste vum Kommissariat Gare ënnerwee, fir sech selwer e Bild ze maachen iwwert déi aktuell Situatioun.

Police Stater Gare / Rep. Pierre Weimerskirch (28.11.19)

Duerch méi Police-Präsens um Terrain hätt een d'Situatioun am Garer Quartier besser ënner Kontroll. Op d'mannst wier d'Problematik manner visibel. Ma de Problem hätt sech warscheinlech verlagert, esou de Pascal Peters, Zentraldirekter vun der Police Administrative. Wou genee kéint een den Ament net soen.

D'Gesellschaft hätt sech gewandelt an esou och d'Aarbecht vun der Police.

Am Reportage geet et och ëm déi vill Zäit, déi d'Polizisten um Büro verbréngen, fir Dossieren ze traitéieren. An der Generaldirektioun géif een dru schaffen, datt d'administrativ Aarbecht reduzéiert gëtt an d'Polizisten erëm méi um Terrain kënne sinn. Esou kéint zum Beispill zivilt Personal en Deel vun der Aarbecht iwwerhuelen, esou eng vun den Iwwerleeungen.