Drogen an der Stad: Wéi eng Léisung wéini?
D'Sécherheet am Garer Quartier an der Stad, dat war de Sujet e Mëttwoch den Owend am Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg.
"Mir hunn eng nigerianesch Drogemafia op der Gare, déi deck aktiv ass", seet de Policeminister. Just wéi kann een deen ëmmer méi grousse a komplexe Problem vun Handel a Konsum léisen? Awunner a Geschäftsleit fille sech eleng gelooss. Zanter Jore gëtt iwwer dat Selwecht diskutéiert an u sech ännert näischt, ausser dass et méi schlëmm gëtt a ville Stroossen ëm d'Gare a Bouneweg, awer och am Abrigado.
Wat kann d'Police? Wat mécht d'Politik a wéi kënnen och déi Ofhängeg geschützt ginn? Mir weisen d'Situatioun wéi se ass a froen no.
Dass op der Stater Gare Droge gehandelt a konsuméiert ginn, ass net nei. Ma bannent de leschten zwee, dräi Joer hätt de Problem sech massiv verschäerft. D'Awunner an d'Geschäftsleit aus dem Garer Quartier hunn es genuch a verlaangen, dass endlech méi decidéiert duerchgegraff géif ginn. Ma souwuel bei der Police, wéi och bei der Fixerstuff um leschte Steiwer feelt et u Personal. Déi ganz Problematik war e Mëttwoch den Owend Thema an der Emissioun Kloertext.
Den Toun gëtt méi rau ënnert de Cliente vun der Fixerstuff a fir Frae wier et scho bal ze geféierlech, fir eleng an den Abrigado ze goen. Ma och am Wunnquartier fillen d'Leit sech duerch d'Dealeren an hir Cliente belästegt, wéi den LSAP-Deputéierte Franz Fayot erkläert. Hien ass selwer op der Gare opgewuess a lieft och haut nach do: „Wat d'Leit verlaangen an deem Quartier ass, dass déi Dealeren och gestéiert ginn, dass si net einfach kënnen all Owes oder all Nomëttes kënne Possessioun huele vun deem ganze Quartier, vun all deene Stroossen an ongestéiert do hirem Business kënnen nogoen.“
A sengen Aen géif de Quartier ganz bewosst vun den Autoritéite vernoléissegt ginn: „Jo et si méi Auslänner op der Gare. Ech mengen et wier méi problematesch fir verschidde Parteien, wann et um Belair wier oder um Lampertsbierg.“
Eng vun de Mesuren, déi rezent geholl gouf, fir de Problem anzedämmen, war d'Ophänke vu Kameraen. Doduerch hätt sech op deene Plazen d'Situatioun zwar berouegt, ma dofir wier se anzwousch anescht erëm opgeflaamt, erkläert den Thierry Abondance, deen am Quartier lieft an do och säi Geschäft huet: „Ech hunn d'Impressioun, dass dat virdrun op e puer Stroosse konzentréiert war. Effektiv och mat Kameraen, déi installéiert gi sinn, huet sech dee ganze Problem souzesoen „dilué“ an huet sech iwwert dee ganze Quartier verbreet. An ass haut kaum méi ze kontrolléieren, well en iwwerall an all Strooss stattfënnt.“
Dem Raoul Schaaf, also dem Responsabele vum Abrigado no, bräicht een zu Lëtzebuerg op d'mannst véier där Zentre regional iwwert d'Land verdeelt an et misst nach wesentlech méi an d'Preventioun investéiert ginn.
D'Invitéen
Lydie Polfer
Buergermeeschtesch Stad Lëtzebuerg
DP-Deputéiert
Franz Fayot
LSAP-President & Deputéierten
wunnt am Garer Quartier
Norbert Kayser
Geschäftsmann Garer Quartier
Thierry Abondance
Geschäftsmann Garer Quartier
wunnt am Garer Quartier
Patrick Even
Regionaldirekter Police Zentrum
Raoul Schaaf
Direkter CNDS
Responsabel fir den Abrigado
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)