Am Kader vun enger Etüd goufen iwwer 60 Entretiene mat Leit aus der Police gefouert an och eng sëllegen Dokumenter ausgewäert.

No de rezenten Diskussioune ronderëm déi ominéis Police-Fichieren huet d'IGP, d'Inspection générale de la police, e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz 13 Recommandatioune presentéiert, déi an enger Etüd, déi de Police-Minister François Bausch an Optrag ginn hat, ausgeschafft goufen.

Am Ganze goufen eng 66 Fichieren ënnert d'Lupp geholl, fir ze kucken, wéi konform dës mam Dateschutz sinn, wéi laang perséinlech Donnéeë gehale ginn a wien iwwerhaapt Accès op wéi eng Fichieren huet.

Police-Fichieren / Rep. Annick Goerens (4.12.19)

Et wär evident, no dëser Etüd, dass eng Sensibilisatioun bannent der Police misst gemaach ginn, wat dës Fichieren an den Dateschutz ugeet, erkläert d'Inspecteur général Monique Stirn:

D'Inspecteur général Monique Stirn

„Dat net nëmme fir d'Utilisateure vun den Datebanken, mä och fir d'Concepteuren, déi di se technesch opstellen, wësse wéi si virginn. An déi Sensibilisatioun muss souwuel an der Policeschoul gemaach ginn, um Niveau vun den neie Polizisten, also um Niveau vun der Formation de base vun de Polizisten, mä och an der Formation continue. Mir gi selwer Coursen an der Policeschoul. Coursen iwwer d'Deontologie an der Police, iwwer droits de l'homme, mä ech mengen do si mir och gefuerdert de Rôle z'erfëllen a vläicht d'Leit ze sensibiliséieren an engem Cours. Et muss een natierlech wëssen, dass eng Datebank net eng aner ass an dat supposéiert vläicht och eng méi spezifesch Sensibilisatioun. An do si mir gefuerdert an d'Police selwer fir d'Leit ze sensibiliséieren, well anescht geet et et.“

RTL

© RTL Archiv

Iwwer 60 Entretiene goufen am Kader vun dëser Etüd mat Leit aus der Police gefouert an och eng sëllegen Dokumenter ausgewäert, dorënner Gesetzestexter, parlamentaresch Froen, Registeren aus Datebanken an Avise vun der Dateschutzkommissioun.