De Bilan fält op mannst den Ëmfroen no bis elo éischter gemëscht aus. Aktuell fannen ëmmerhin 48 Prozent vun de Leit d‘Aarbecht vu Schwaarz-Blo gutt. Dat goung aus dem neiste Politmonitor ervir. Ma de Premier, dee schneit an dëser Ëmfro guer net gutt of. An eemol huet hie säi Cabinet elo scho missen ëmbauen.
D‘CSV an DP hu sech awer un déi schwiereg Dossieren getraut, an dräi Joer bleiwen jo nach fir Schwaarz-Blo. De Luc Frieden ass a bleift optimistesch.